Gesäit een eng Persoun kräischen, geet een dovunner aus dass dës traureg ass. Mee eigentlech muss dat net stëmmen, well vu Freed kann een och kräischen!

Lauschter hei!

Och wann een dat net esou dacks gesäit, ass dat awer guer net esou seelen. D’Oriana R. Aragòn huet sech am Kader vun enger Etüd méi genau domadder beschäftegt. An der Etüd geet et ëm dimorph Emotiounen, also Gefiller déi mir mat de géigesätzleche Reaktiounen erliewen – zum Beispill vu Freed kräischen. Et ass ee frou an trotzdeem gesäit een traureg aus. Am meeschte betrëfft dat Mënschen déi hir Emotiounen enorm staark duerchliewen.

Leider ass awer nach net zu 100% gewosst wisou et déi sougenannten dimorph Emotiounen iwwerhaapt ginn. Et ginn awer Hypotheesen. Zum Beispill kann et sinn datt bei de Freedentréinen esou en intensiivt positiivt Gefill fräigesat gëtt, datt de Kierper probéiert et auszebalancéieren. An deem Fall wieren d’Tréinen eng Sécherheets-Moossnam fir de Kierper erëm an e Gläichgewiicht ze bréngen.

D’Tréine kéinten awer och e Kommunikatiounsmëttel sinn. Vue datt se just optauche wann d’Glécksgefiller een iwwerrennen. Esou versteet de Géigeniwwer datt ee mat der Situatioun iwwerfuerdert ass. Doduerch kann dann de Géigeniwwer och reagéieren an déi Ënnerstëtzung liwweren déi ee brauch fir sech ze berouegen.

Och wann d’Freedentréine skurril sinn, hëllefen se eis eis Gefiller besser ze reguléieren. D’Regulatioun an d’Kontroll vun eise Gefiller ass ee vun de Grondprinzippien déi eis Gesellschaft formen. Also, traut iech roueg och emol vu Freed ze kräischen, dat ass normal a kann esouguer gutt doen