© Guy Krier / naturpark.lu
Wien dëse Summer op de Stauséi goe wëll, muss och an der Woch eng Plaz reservéieren.
De Summer steet virun der Dier. Bei guddem Wierder ass de Stauséi eng vun deenen éischten Adressen, déi d'Leit hei am Land opsichen. Ma och dëst Joer muss een seng Plaz op enger vun de Plage ronderëm de Stau, wéinst dem Coronavirus am Viraus reservéieren.
An engem Communiqué huet den Naturpark Öewersauer dann elo Detailer zum Oflaf vun de Reservatioune fir eng Plaz um Stauséi ginn. Wien sech op enger vun de Plage ronderëm de Stauséi installéiere wëll, muss seng Plaz online reservéieren. Dat geet iwwer den Internetsite „visit-eislek.lu“ oder iwwer d'Éislek-App. Eng Persoun wäert maximal 5 Plaze reservéiere kënnen. Am Géigesaz zu zejoert, wou d'Visiteuren hir Plaz nëmmen op Sonn- a Feierdeeg reservéiere missten, wäert eng Reservatioun dëse Summer och wärend der Woch néideg sinn. Dës wäert iwwregens gratis sinn.
Wien eng Plaz reservéiert huet an awer net op de Stauséi goe kann ass iwwerdeems gebieden seng Reservatioun mat enger Mail un info@visit-eislek.lu ze stornéieren.
Fir Aktivitéiten, bei deenen een net op der Wiss läit, wäert ee keng Reservatioun néideg sinn. Wien also laanscht de Stauséi spadséieren oder um Stau Kajak fueren oder fësche wëll, wäert keng Plaz reservéiere mussen.
Weiderhin erënnert de Naturpark dorunner, dass déi aktuell sanitär Mesure selbstverständlech och ronderëm de Stauséi gëllen. Dat bedeit, dass déi eenzel Visiteuren en Ofstand vu mindestens 2 Meter zoueneen anhale mussen. Wa méi ewéi 4 Leit zesumme leie wäert een ausserdeem e Mask undoe mussen. Dës Reegele gëllen net fir Persounen, déi aus dem nämmlechte Stot kommen.
Iwwerdeems mécht de Naturpark den Appell fir bei der Urees méiglechst op den ëffentlechen Transport zeréckzegräifen. An dësem Zesummenhang wäerten d'Leit hiren Auto dann och nees gratis um Parking ''Keilert'' parken a vun do aus eng Navette fir op de Stauséi huele kënnen.
Schliisslech erënnert den Naturpark dann och un eng Partie Reegelen, déi ganz allgemeng ronderëm de Stauséi gëllen. Esou ass d'Grillen zum Beispill nëmmen op deenen dofir designéierte Plazen erlaabt an dat wëllt Campéieren ass generell verbueden.
Wann ee sech un d’Reegelen hält, sollt engem Ausfluch un de Stauséi allerdéngs näischt am Wee stoen.