© Eldoradio
Den Horoskop vum Eldo seet iech är Woch viraus, dat mam passende Sound!
Widder
BC One & Ape ft Bora - Net Einfach
Heiansdo hu mer e puer Steng op eisem Wee. D'Widdere kréie se mat Méi ewech geraumt.
Stéier
Drake - Hotline Bling
Den Telefon leeft waarm bei de Stéiere well se dermoosse gefrot sinn.
Zwilling
Justin Wellington feat Small Jam - Iko Iko
D'Zwillinge starte ganz entspaant an d'Woch a loosse sech net aus der Rou bréngen.
Kriibs
BTS - Butter
Bei de Kriibsen ass aktuell alles am Botter.
Léiw
Nelly Furtado - Manos Al Aire
D'Léiwe kämpfen elo scho sou laang ëm eng Léift. Elo sinn si um Punkt domat opzehalen.
Jongfra
SYML - Stay Close
Eis Jongfrae wëllen de Moment léiwer net eleng sinn.
Wo
Calvin Harris - Feel So Close
De Moment fillen d'Woe sech immens connectéiert mat hirer Ëmwelt.
Skorpioun
Alvaro Soler - Magia
D'Magie vun enger neier Léift erfëllt d'Skorpiounen dëser Deeg.
Schütze
Panic! At The Disco - I Write Sins Not Tragedies
Iergendwéi hunn eis Schütze Loscht eppes Verrécktes ze maachen...
Steebock
David Guetta - Get Together
Et ass nees Zäit zesummen ze kommen. Resérvéiert Iech also een Dësch am Restaurant!
Waassermann
Coldplay - Higher Power
Et schéngt wéi wann d'Waassermänner vun enger méi héijer Muecht geschützt gi grad.
Fësch
Zedd ft Foxes - Clarity
D'Waasser ronderëm d'Fësch ass glaskloer, sou dass si elo och d'Wourecht gesinn.