© Eldoradio
No iwwert engem Joer war um Freidegowend erëm deen éischte grousse Concert hei zu Lëtzebuerg. Mir haten den Olivier Toth vun der Rockhal am Eldo-Interview!
Mir hunn et all esou vermësst! Um Fréiden war endlech erëm deen éischte grousse Concert hei zu Lëtzebuerg: Gëschter Owend ass de Serge Tonnar nämlech virun 1000 Leit an der Rockhal opgetrueden. Net nëmme fir de Public mee besonnesch fir d’Organisateure war dat e ganz spezielle Moment.
“Et ass ee mega Gefill! Am Februar hate mir jo eng Serie vu Concerte mat enger Capacitéit vun 100 Leit gemaach. Elo an den groussen Sall ze goen ass natierlech nach eng Kéier eppes ganz Aneschtes.“
Natierlech konnt ee beim Pilot-Projet nëmme mat engem negativen Test-Resultat dobäi sinn. Hei goufen et dräi Méiglechkeeten: Zum Beispill en negative PCR-Test, deen net méi aal ewéi 72 Stonnen ass, oder en zertifiéierte Schnelltest vun haut. Donieft hat een awer och d’Méiglechkeet tëschent 16:00 an 18:30 Auer virun der Rockhal e Schnelltest ze maachen.
„Um hallwer 7 maache mir d’Dieren op. Dat heescht d’Leit hunn Zäit hiren Auto ze parken. Wärend een op säi Resultat waart kann ee jo dann eventuell e Patt huele goen. Et si jo genuch Terrassen an der Géigend déi alleguer op sinn.“
Nodeems een da säin negatiivt Testresultat hat, ass een de Markéierungen no duerch d’Contactless-Sécherheets-Kontroll gangen a konnt sech dann zu 4 a 4 a sengem Beräich Plaz huelen. D’Mask huet ee wärend deem ganze Concert missen unhalen. Eng kleng Lockerung ass et awer trotzdeem ginn.
„Par contre hu mir eng ganz flott Neierung! Et kann een nämlech a sengem Beräich opstoen. Et kann ee sech stellen an och danze wann een Loscht huet oder wann et engem duerno ass.“
Vu datt de Bilan vu villen Test-Concerten an Europa an der Lescht ganz positiv ausgefall ass, huet ee sech an der Rockhal och ganz optimistesch fir gëschter Owend an déi nächst Wochen gewissen. D'Leit aus dem Public kruten iwweregens e gratis PCR-Test fir a 7 Deeg.