© Unsplash
Spotify, de bekannte Musek-Streaming Déngscht verkeeft elo och Tickete fir eegen Online-Concerten. Ganzer 5 Museker stinn hei zur Auswiel.
Op Spotify.live kann ee sech den Ament also Tickete fir fënnef verschidde Concerte kafen. All Show kascht 15€, déi een iwwert den eegenen Spotify Account bezillt. D’Concerte fänken Enn Mee un a gi bis Enn Juni. Iwweregens ass och kee Premium Abo néideg fir sech Ticketen ze sécheren.
D’Concerte ginn zwar als « Livestream- Event » bezeechent, obwuel awer eigentlech näischt dovu live iwwerdroe gëtt. Heibäi handelt et sech ëm Concerten déi am Viraus opgeholl goufen an dann einfach zu engem spéideren Zäitpunkt op der Spotify Plattform als Stream zu Verfügung gestallt ginn.
Leit mat Interessi kënne sech dann op 45 bis 75 Minutte laang Streams freeën. Leider kann een awer d’App net notze fir sech de Stream unzekucken. Dee kann ee just iwwert d’Internetsäit Spotify.live erreechen. Ausserdeem gëtt et den Ament nach keng Méiglechkeet de Video no vir oder no hannen ze spullen, Downloads sinn och net méiglech.
Déi 5 Acts sinn dann The Black Keys, Bleachers, girl in red, Rag’n’Bone Man an Leon Bridges. Ganz besonnesch freeë mir eis awer op de Rag’n’Bone Man. Deen ass mat senger Single « All you ever wanted » och ganz populär hei am Eldoland.
Wien elo interesséiert ass dee soll sech awer sécher sinn datt en den Dag vum Concert och wierklech Zäit huet – eng Réckerstattung gëtt et nämlech net! Am Beschte stellt een och sécher datt ee pünktlech ass : vue datt een de Video net zerécklafe loosse kann, verpasst ee soss den Ufank.
Zu Gudder lescht ass och net gewosst op sech déi Form vu Live-Concerte op Spotify duerchsetze wäerten. Dat hänkt warscheinlech dovunner of op déi 5 Concerten Succès hunn oder net.