© Unsplash
D’Legaliséierung vum Cannabis fir d’Fräizäit-Notzung ass en ëmstriddent Thema iwwer dat ëmmer erëm vill diskutéiert gëtt!
Mee wat bréngt d’Legaliséierung eigentlech a wéi een Afloss huet dat op den allgemengen Drogekonsum?
Eng rezent Etüd aus dem Fachmagasinn « Addiction » beschäftegt sech am Detail domadder. Méi genau: Wéi huet d’Legaliséierung vum Cannabis an den USA den illegalen Droge-Marché beaflosst?
Den Ament ginn et an den USA 17 Bundesstaaten déi de Verkaf u Leit iwwer 21 legaliséiert hunn. Hei ginn et och eng ganz Rëtsch Reglementatiounen, ënnert anerem gëtt et eng Limitt déi festleet wéi vill ee kafen dierf. Mee wéi hunn déi sougenannten "RCL’s", also « recreational cannabis laws » den existéierenden Droge-Marché beaflosst ?
Der Etüd no huet oder hat d’Legaliséierung en zimmlech groussen Impakt. Esou ass de Präis vun illegalem Cannabis ëm 10% erofgaangen - bei mannerwäertegem Cannabis esouguer ëm knapps 20%.
Et ginn dann och 93% manner Festname wéinst dem Besetz vun illegalem Cannabis. Ausserdeem ass d’Zuel vun de Verhaftunge vu Leit déi Heroin oder aner Droge bei sech haten ëm 50% zereckgaangen.
Am Géigesaz zum Präis vun illegalem Cannabis ass de Präis vun Heroin an der Moyenne ëm 63% an d’Luucht gaangen. Mee och déi sougenannt Potenz vum Heroin ass ëm 54% geklommen. Dat ass deen Indicateur deen d’Stäerkt vun der Drog definéiert.
Den illegalen a legalen Drogenhandel géife sech géigesäiteg beaflossen, esou d’Dr. Angélica Meinhofer, Autorin vun der Etüd. Et wieren awer nach méi Informatiounen néideg fir méi prezis Viraussoen ze treffen. Wat méi Staaten der Legaliséierung vun Drogen zoustëmme géifen, wat ee méi Donnée sammele kéint.