Um 21. Mee war deen éischte grousse Concert zu Lëtzebuerg zanter dass d'Pandemie ugefaangen huet. Dat natierlech mat puer méi spezielle Momenter.

Zanter iwwert engem Joer ware keng grouss Concerten zu Lëtzebuerg méiglech. Dat natierlech aus dem Grond, dass d'Pandemie et net zougelooss huet. Um Freiden, 21. Mee war et dunn awer erëm esou wäit. D'Rockhal huet hier Diere fir bis zu 1000 Leit opgemaach. D' Virfreed war natierlech ganz grouss, ma d'Situatioun awer net ganz esou wei een dat vun de Concerte kennt.

Wei d'Leit déi ganz Situatioun mam Teste fonnt hunn a wei grouss d Freed war, wollte mir wëssen an hunn dofir bei iech nogefrot.

Lauschtert hei d'Impressiounen virum Concert.