© JOEL SAGET / AFP
D'Memberlänner vun der EU kënne selwer entscheeden, wat si de Besëtzer vun dësem Zertifikat erméigleche wëllen.
D'EU-Parlament an d'Memberlänner sinn ech eens ginn. Bis Enn Juni soll den europawäiten digitalen Impf-Zertifikat also do sinn.
An Dësem soll festgehale ginn, ob ee scho géint de Coronavirus geimpft gouf a mat wéi engem Impfstoff dat geschitt ass. Ausserdeem soll dat neit Dokument Informatiounen zum Resultat vun de Corona-Tester, déi ee gemaach huet, an zu eventuell schonn iwwerstanen Infektiounen, enthalen. Schliisslech sollen den Numm, de Gebuertsdatum, den Datum op deem de Besëtzer vum Zertifikat geimpft gouf an den Numm vun der Persoun, respektiv der Institutioun, déi den Zertifikat ausgestallt huet, aus Dësem erausgelies kënne ginn.
Den Zertifikat soll et esouwuel an digitaler Form, ewéi och um Pabeier ginn. Déi digital Form vum Zertifikat soll dobäi als QR-Code an enger App um Smartphone vum Besëtzer gespäichert ginn. Dëse QR-Code soll dann an der ganzer EU gescannt an den Zertifikat esou gelies kënne ginn. Den Zertifikat soll allerdéngs net obligatoresch ginn. Wien Dësen net wëll, ka sech seng Impfung och wéi gewinnt a seng giel Impfkaart androe loossen.
Lo stellt sech natierlech d'Fro, wat engem deen Impf-Zertifikat brénge soll. Ma heizou ass den Ament nach net wierklech vill gewosst. D'Memberlänner vun der EU kënnen nämlech selwer entscheeden, wat si de Besëtzer vun dësem Zertifikat erméigleche wëllen. Ausserdeem läit an der Hand vun de Länner ze decidéieren, ob si en Zertifikat nëmmen dann akzeptéiere wann de Besëtzer mat engem Vaccin, dee vun der Europäescher Agence fir Medikamenter zougelooss gouf, geimpft ass, oder ob si dat och da maachen, wann Dësen e Vaccin krut, deen eng exzeptionell Zouloossung vun der WHO huet.
D'App, an där den digitalen Zertifikat gespäichert ass, gëtt dann och vun all Land selwer entwéckelt. D'App, an där den digitalen Zertifikat gespäichert ass, gëtt dann och vun all Land selwer entwéckelt. Wéi de Premierminister Xavier Bettel an engem Interview mat RTL sot, soll déi lëtzebuergesch App bis Mëtt Juni disponibel sinn.