Zanter leschtem Freiden ass den Europa-Park zu Rust erëm fir de Public op. De Lex aus der Eldo-Ekipp war testen!

Fir iwwerhaapt an de Park eranzekomme brauch een en negative PCR- oder Schnelltest, deen net méi al ewéi 24 Stonnen ass. Donieft muss ee seng Visitt am Viraus buchen an den Ticket den Dag selwer matbréngen. Wann een eng huet muss een och d'Confirmatioun vun der Reservatioun am Hotel presentéieren. Nodeems een da säi faarwegt Bändche fir ronderëm d'Handgelenk kritt huet, kann et lassgoen!

"Nieft dem Fait, datt jo just eng begrenzten Unzuel vu Leit an de Park erandäerf, gëtt och soss séchergestallt datt déi sanitär Mesurë respektéiert ginn. Quasi op all Eck steet Desinfektiounsmëttel an et sinn iwwerall Ofstands-Markéierungen agezeechent. Och d'Achterbunne gi reegelméisseg desinfizéiert!"

RTL

© Eldoradio

Wärend deem ganzen Openthalt besteet ausserdeem Maskeflicht, esou datt ee sech wärend sengem Besuch absolutt sécher fillt. Richteg cool ass och, datt alleguer d'Attraktiounen ewéi och d'Iessstänn op hunn. Datt d'Zuel vun de Visiteure limitéiert ass huet natierlech de grousse Virdeel datt ee quasi néierens laang waarde muss!

"D'Stëmmung am Park war extrem gutt, virun allem well een Néierens huet missen an der Schlaang stoen. Esouguer bei deene groussen Achterbunnen huet een de ganze leschte Weekend iwwer ni méi ewéi 20 Minutte waarde missen. Et ass ee wärend sengem Openthalt also zu kengem Moment duerch ze laang Waardezäite genervt an et kritt een immens vill gemaach!"

RTL

© Eldoradio

Eenzeg bei de Shows ginn et aktuell e puer Ännerungen. Doduerch datt déi nämlech banne stattfannen an een net iwwerall e passend Sécherheets-Konzept op d'Been stelle konnt, gëtt et hei just eng begrenzten Offer. Trotzdeem ass d'Experienz "Europa-Park wärend Corona" absolutt derwäert!

"Ech kann iech et nëmme recommandéieren bis an den Europa-Park ze fueren. Et ass eng cool Ofwiesslung, et deet gutt sech emol 1 bis 2 Deeg komplett ze verausgaben an einfach Spaass ze hunn!"