Den Horoskop vum Eldo seet iech är Woch viraus dat mam passende Sound!

Widder

Culture the Kid – Glass Walls

D’Widdere solle sech net verstelle fir engem ze gefalen. Si sollen einfach si wéi se sinn.

Stéier

Jason Derulo, Nuka – Love Not War

D’Stéiere solle probéieren net ze vill ze streiden, eng friddlech Léisung ass nämlech déi besser Léisung.

Zwilling

Laurell - Habit

Fir d’Zwillinge kann et komplizéiert sinn en Ofschloss ze fannen, mee just esou kann een en neit Kapitel ufänken.

Kriibs

LMFAO ft. Lauren Bennett, GoonRock - Party Rock Anthem

D’Schütze brauchen onbedéngt e bëssen Action am Beschten eng Party – Project X Style !

Léiw

Mark Ronson Featuring Bruno Mars – Uptown Funk!

D’Léiwe fille sech den Ament einfach gutt an do kann och keen eppes drun änneren.

Jongfra

DJ KHALED feat RIHANNA & BRYSON TILLER – Wild thoughts

Fir d’Jongfrae gëllt, heiansdo muss een einfach seng ënnerlech Sau erausloossen a well sinn.

Wo

Ed Sheeran – Thinking Out Loud

D’Woen solle sech net ze vill Gedanken iwwert hir Bezéiunge maachen, mee driwwer schwätzen!

Skorpioun

Daft Punk Featuring Pharrell Williams – Get Lucky

Eis Skorpioune sollen d’Aen ophalen, well d’Gléck ka sech hannert all Eck verstoppen.

Schütze

MARTIN GARRIX FEAT. BONO & THE EDGE - We Are The People

D’Kriibse sollen zesummenhalen, well esou kennt een am wäitsten!

 Steebock

 Lil Nas X – Montero (Call me by your Name)

All Mënsch huet gutt a schlecht Eegenschaften, dat ass awer kee Grond fir dës ze verstoppen, se sinn en Deel vun engem.

Waassermann

Katy Perry – Electric

D’Waassermänner solle sech net stresse fir hir Ziler ze erreechen, well de Wee dohinner ass méi wichteg.

Fësch

Jawsh 685 & Jason Derulo – Savage Love

D’Fësch solle sech net ëmmer esouvill zréckhalen, heiansdo muss een och Savage sinn.