Eng Start-Up Firma wëll d'Fliger fir kuerz Distanzen ofschafen. Hier Léisung: E Loftschëff! Dat produzéiert nämlech bis zu 90% manner CO2!

 

Lauschtert hei!

Eng Start-Up Firma mam Numm "Hybrid Air Vehicles" hat eng zimmlech skurril Iddi fir d'Ëmwelt ze retten: wéi wier et mat engem Zeppelin amplaz vum Fliger?  Ob mannst fir kuerz Distanzen! Ab 2025 soll een dann seng Rees am Loft-Schëff buche kënnen. 

An den Zeppelin passen da bis zu 100 Leit. Verschidden Destinatioune sinn och scho geplangt. Esou kann een da vu Barcelona op Palma de Mallorca fléien. Den Trajet dauert dann ongeféier 4,5 Stonnen. Der Firma no dauert d'Rees mam Loftschëff da genee esou laang wéi d'Rees mam Fliger. Vue datt ee bei engem normale Fluch jo och 2 Stonnen éischter do muss sinn. D'Loftschëff verbraucht dann am direkte Vergläich just e Brochdeel un CO2 Emissiounen. Pro Persoun sinn dat beim Zeppelin 4,5 Kg, beim Fliger wieren et ganzer 53 Kg.

Et wäerten och nach weider Destinatiounen dobäi kommen. Zum Beispill, Liverpool – Belfast, Oslo - Stockholm an nach Seattle - Vancouver. Den Tom Grundy, de CEO vun "Hybrid Air Vehicles", vergläicht seng Loftschëffer mat Fären. Esou kéint een nämlech regional Flich staark reduzéieren. Well 47% vun de regionale Flich an den USA sinn ënnert 370 km. 

Den Zeppelin selwer ass en Airlander 10, en Elektro-Hybrid Modell. Den Ament gëtt awer nach no enger Plaz gesicht fir méi vun dësen Zeppelinen ze bauen. E weidere Pluspunkt ass d'Plaz déi den Zeppelin brauch, well hei ass kee "Flughafen" am traditionelle Sënn néideg. Den Zeppelin kann nämlech op all flaacher Plaz landen a starten.

Bis 2025 musse mir eis awer nach e bësse gedëllegen, mee bis dohin ass d’normal Reesen hoffentlech erëm méiglech!