Kape si wuel mat déi beléiftste Moudenaccessoiren... mee wat maache wann d'Liblings-Snapback op emol matgeholl ausgesäit? Wéi wier et mat spullen?

Egal ob am Wanter oder am Summer. Kape si mega beléift. Och d'Morningshow-Crew deet gären eng Kap op! Mee wann een seng Liblingskap ëmmer um Kapp huet, gesäit déi dach mat der Zäit e bësse matgeholl aus. Wéi kritt een déi am beschten nees propper?

D'Eldo-Morningshow huet sech dem Kape-Problem ugeholl an huet festgestallt, anscheinend kann ee Kape ganz easy an der Spullmaschinn wäschen. (... oder éischter spullen?) Dat gouf direkt mol getest.

Dofir goufen d'Kapen all zesumme gesammelt, an an eng eidel Spullmaschinn geluecht. Fir datt d'Kap d'Form behält, ginn et am Internet extra "Kape-Käfeger". Eisen Tipp: Leet einfach eng Schossel ënnert d'Kap. Dat schützt d'Form grad esou gutt.

Fir d'Kapen ze propper ze kréien liest een am Internet soll een d'Spullmaschinn op 40 Grad stellen. Der Morningshow hier Spullmaschinn spullt awer just mat 50 Grad... also no risk, no fun! En Tab mat dobäi an d'Spullmaschinn am Standartprogramm gestart. 1 Kap huet de Spaass awer net däerfe matmaachen. Beim Droen am Reen mierkt ee schonn datt déi d'Fiichtegkeet net gären huet an esou scho schwéier a Form bleift. Sorry Low Quality Caps. Dir bleift léiwer dreckeg wéi futti.

Mee klappt dat wierklech?

D'Kapen hunn d'Wäsch gutt iwwerstanen. Se sinn direkt e gutt d'Stéck méi propper, net méi verstëbst an esou guer Schweesflecke ginn zum Deel raus. Am Allgemenge gesinn d'Snapbacks nees e gutt Séckche méi fresh aus!

Also wann dir och un ärer Kap hänkt an déi fir de Summer mol nees soll op Héichglanz bruescht ginn, nëmme go!

RTL

© Eldoradio

Klengen Tipp nach zum Schluss: Spullt Kapen am beschten an enger fir de Rescht eideler Spullmaschinn. Mir bezweifelen datt se och propper ginn, mat enger Schossel mat Bolognaisezooss Reschter dran!