Déi éischte Kéier eleng wunnen! Fir sécher ze goen, dass d'Sich no der Wunneng net zum Albdram gëtt, hei e puer Tipps:

Genee ausrechnen wat ee sech leeschte kann!

Ier der iech op d'Sich no ärer Dramwunneng maacht: kuckt wat de Budget iwwerhaapt zouléisst! Praktescherweis kann ee seng Bourse jo schonn am Viraus ausrechnen. Wann eng Wunneng eleng ze vill deier gëtt, kënnt der Iech och no enger WG ëmkucken. Dat gëtt gréisstendeels méi bëlleg. A kuckt virun allem ëmmer genee, wat fir Käschten am Loyer dra sinn, a wat nach dobäi kënnt. Elektresch, Waasser an Internet sinn zousätzlech Fraisen, déi och nach eemol vun Ubidder zu Ubidder ännere kënnen.

Lauschtert hei eran!

Déi richteg Lag an Ausstattung fannen!

Eng schéi Wunneng zu engem super Präis fonnt? Ma da kuckt och ganz genee wéi gutt dës wierklech läit! Wéi laang braucht der bis op är Uni? Oder den Zentrum? A wéi sinn d'Verbindungen zum ëffentlechen Transport? Dat sinn alles wichteg Froen, déi är Erfarung op der Uni staark beaflosse kënnen. Och wichteg: wat ass an der Wunneng wierklech dran? Heiansdo riskéiert een och eng Wunneng ouni Kichen ze kréien. An och wa se miwwléiert ass, kënnt der vill Sue spueren fir anzeriichten.

Méi wéi eng Wunneng kucke goen!

Och wann der der Meenung sidd, der hätt är Draamwunneng fonnt, dierft der ni de Feeler maachen, dës einfach esou ze huelen, ouni eng Visitt ze maachen! A wann d'Agence oder de Propriétaire et iech schwéier maachen se ze besichen: oppassen! Deemno wéi wëll do een net, dass der wëllt kucke kommen. A wann der schonn an är Unisstad reest, da kuckt, direkt e puer Rendez-Vousen fir Wunnengen ze fixéieren.

Kontrakt genee kucken, ier een ënnerschreift!

Der hutt genee déi richteg Wunneng fonnt, se läit super a kascht iech och net d'Aen aus dem Kapp. Bleift just nach z'ënnerschreiwen. Ma do hutt der besser net direkt op der Plaz z'ënnerschreiwen. Frot iech de Kontrakt mat heem, fir dëse genee duerch ze kucken. Wann der verschidde Saachen net verstitt oder komesch fannt: frot ëm Hëllef. Iwwerhaapt ass eng Ulaafsstell do ganz kloer d'ACEL, wéi och hire "Guide du futur étudiant", mat Tipps fir bal all Land a Stad.