Huet et wéi gedoe weis du vum Himmel gefall bass? Ech schreiwen en Telefonsbuch an deng Nummer feelt mir nach! En Umaach-Sproch suergt ëmmer fir e Laachen!

Lauschter hei!

D’Fro ass awer : Bréngt en Umaach-Sproch méi wéi e kuerzt Laachen oder e Kapp-Rësel?

D’Äntwert op déi Fro gëtt eis d’Wëssenschaft. D’Fuerscher Bale, Morrison a Caryl hunn nämlech Umaach-Spréch méi genee ënnert d’Lupp geholl. Si hu sech 40 Spréch aus der Pop-Kultur erausgesicht.

Also Spréch wéi zum Beispill:

  • Ass et waarm hei, oder bass dat du?
  • Ech sinn esou schlecht am Bett, dat muss de erlieft hunn!

De Wëssenschaftler no funktionéieren esouguer eng ganz Rëtsch vun de Spréch zimmlech gutt! Et hänkt alt just dovunner of bei wiem a wéi een se eriwwerbréngt. Spréch, déi engem seng positiv Eegenschafte reflektéieren, funktionéieren zum Beispill besser bei scheien oder  ängschtleche Leit.

  • Leider muss ech dech bei der Police mellen. Du hues mäin Häerz geklaut!
  • Ech hu mäi Petzi verluer, kann ech haut mat dir kuschelen?

Bei méi oppenen an aktive Leit hëllefe witzeg an direkt Spréch!

  • Pak mäin T-Shirt emol un. Weess de wourauser de gemaach ass? Boyfriend-Material!
  • Du bass esou schéin, dass ech mäin Umaach-Sproch vergiess hunn!

Bei Leit déi de Risiko gär hunn, kann een All-In goen. Hei hëlleft nämlech eng Bad-Boy-Attitüd. Dat geet vun einfache Komplimenter bis zu méi sexuelle Spréch.

  • Ech si keng Persoun fir eng Nuecht, e puer Stonnen Zäit hätt ech awer!
  • Du gesäis schonn zimmlech sexy aus!

Am Beschten iwwerdreift een et awer net, well ze vill ass och net gutt. Falls engem awer näischt afale sollt: E Moien oder en Hallo huet nach ni engem geschuet!