Et ass nees esou wäit: lues a lues kommen d'Live-Musek an d'Events zeréck. D'Stad Diddeleng huet sech do och eppes iwwerluecht.

D'Freed ass grouss bei der Stad Diddeleng: et huet een sech ee ganzt Konzept iwwerluecht, mat ville Museker, souwuel lëtzebuergeschen wéi och internationalen. Am Ganze solle bis zu 500 Persoune bei deene verschiddenen Events dobäi sinn. D'Events ginn da vum 17. Juni bis den 08. August. Och interessant: et gëtt een Daach gebaut, fir 2/3 vun de Persounen, also 300 Persounen am Ganze viru Wand a Wieder ze schützen, an awer déi verschidde Concerten oder Open-Air Virstellunge genéissen ze loossen. De Festival wäert dann, wéi den Numm et scho seet "ënnert dem Waassertuerm" ofgehale ginn. Dëst ass ee Parking, deen direkt hannert dem Centre Culturel "opderschmelz" zu Diddeleng läit.

RTL

© Ville de Dudelange

Fête de la musique:

Vum 17. bis den 20. Juni gëtt hei nees eng ganz Rëtsch Concerte gebueden:
An hei sinn dann eemol ganz vill lëtzebuergesch Museker dobäi: Tuys, Zero Point Five, Nicool, A-Drew, Dëppegéisser an nach méi. Bei den internationale Kënschtler sinn Nimm dobäi wéi den Josh., deen ee sécher nach vu sengem Hit Cordula Grün kennt, dann nach Lotte, oder och Fool's Garden, déi nieft hirem Hit "Lemon Tree" aus den 90er Joren nach vill weider Musek dobäi hunn.

Weider Concerten onofhängeg vun der Fête de la musique sinn dann awer och nach virgesinn: esou zum Beispill déi däitsch Band Jupiter Jones. D'Band wäert dann och nees an der original Konstellatioun ze gesinn a virun allem ze héiere sinn. Dëst ass ee Concert deen zesumme mam Atelier organiséiert gëtt.

Zeltik-Summersession:

Ugefaange mat enger Band, déi viru genee 31 Joer an der Diddelenger Turnhal opgetruede sinn: Hothouse-Flowers. Et ass déi éischte Kéier, dass sie beim Zeltik dobäi sinn. Beoga sinn eng iresch Band, déi virun allem bekannt ass duerch hir Single "Galway Girl" zesumme mam Ed Sheeran. Déi wäerten dann och beim Zeltik optrieden, mat engem bësse méi elektronesche Sound wéi soss.

Concept sanitaire

Dat sanitäert Konzept fir den "Open Air - ënnert dem Waassertuerm" gouf natierlech scho vun der Santé approuvéiert. Et gouf awer nach eemol op der Pressekonferenz präziséiert, dass dëst nach ännere kann, deemno wéi déi national Mesuren och nach änneren. Dofir huet d'Stad Diddeleng punkto Catering dann och verschidden Zenarie virgesinn. De Moment ass Catering nach net erlaabt bei groussen Events, ma wann dat bis dohin nach ännert, huet ee schonn e puer alternativ Pläng.

Donieft ginn d'Concerten obliagtoresch am Sëtzen ofgehalen, an et ginn eenzel "Bulle" virgesinn, wou een da mat 4 Persounen zesumme sëtze kann. Wann ee sech umellt, kann een dann direkt uginn, zu wéi vill Persounen ee wäert kommen. Weider wäert dat ganzt Personal wéi och d'Museker getest sinn. Och wäerten d'Gestes barrières weider agehale ginn, a Weeër fir ze zirkuléieren opgesat ginn. D'Aschreiwungen fir déi divers Events ginn den 02. Juni un. De Programm fir den Open-Air Kino kënnt nach méi spéit no. Et wéilt een ofwaarden, wat nach vu Filmer bis zu dësem Zäitpunkt eraus kënnt.