Am Virfeld vum Remo Cavallini sengem Optrëtt dëse Freideg op der Bün vum grousse Sall an der Rockhal, hate mir den Direkter Olivier Toth am Eldo-Interview!

Lauschtert hei de ganze Reportage!

Leider war de Concert vum Serge Tonnar virun zwou Wochen net ganz ausverkaaft. Dat géing engersäits doru leien dass verschidde Leit keng Loscht gehat hätten déi ganz Test-Prozedur matzemaachen, anerersäits wier et och net d’Prioritéit vu jidderengem gewiescht elo erëm direkt op e Concert ze goen. Trotzdeem: Qualitéit iwwert Quantitéit! Déi Leit déi nämlech do waren, hunn de grousse Sall vun der Rockhal zum Vibréiere bruecht!

“Mir hate 600 Leit, déi tëschent de Lidder Kaméidi gemaach hunn ewéi wann et der vill méi gewiescht wieren. Dat war alles eigentlech esou, wéi mir eis dat gewënscht haten.”

Den Olivier Toth iwwert d'Stëmmung beim Serge Tonnar!

Dëse Freideg steet dann de lëtzebuerger Kënschtler Remo Cavallini mat senger “Blues Power Live Show” op der Bün vum grousse Sall an der Rockhal. Och hei brauch ee fir eran erëm en negative PCR-Test deen net méi al ewéi 72 Stonnen ass, oder en zertifiéierte Schnelltest vum Dag selwer. Am beschte léisst een sech dës Kéier dann och schonn am Viraus testen.

“Fir déi déi dës Possibilitéit net hunn, kucke mir dass mir d’Méiglechkeet offréiere kënne fir sech op der Plaz testen ze loossen. Dat gesi mir awer net fir d’Majoritéit vir, sou wéi mir dat nach beim Concert vum 21. Mee haten.”

Den Olivier Toth iwwert d'Test-Prozedur e Freiden!

Och fir déi nächst Deeg a Wochen ass d’Rockhal umgaangen e ganz interessante Programm zesummenzestellen, ënnert anerem e puer Outdoor-Concerten. A generell kann ee soen datt de Mindset fir den Hierscht an dat neit Joer ganz positiv ass.

“Déi Pilot-Evenementer maache mir jo och fir dat Vertrauen erëm eng Kéier hierzestellen a fir eis selwer an och eisem Secteur dee Liichtbléck ze ginn. A mir sinn awer alleguer ganz optimistesch dass mir nom Joreswiessel oder am nächste Fréijoer erëm an eng Normalitéit, ewéi mir eis se virstellen, kënnen eragoen.”

Den Olivier Toth iwwert déi nächst Zäit!

Tickete fir de Concert vum Remo Cavallini dëse Freideg kritt dir op Rockhal.lu.