Am Schnëtt verschéckt eng Persoun 76 Emojie per Woch. Hei gëtt et awer en Ënnerscheed tëschent Jonken an alen Notzer, déi benotzen nämlech aner Emojien!

Lauschter hei!

Am Kader vun enger Etüd vu Perspectus Global wollte Fuerscher erausfanne wéi eng Emojien just nach vun de sougenannten «Boomer», also der net méi ganz esou jonker Generatioun, genotzt ginn. Dofir sinn insgesamt 2.000 Teenager a jonk Erwuessener am Alter tëschent 16 an 29 ausgefrot ginn.

Dobäi ass erauskomm datt ënnert anerem 24% vun de Participanten den « Daum erop Smiley » als ural ugesinn. Just al Leit géifen dee benotzen. E Spriecher vu Perspectus Global huet erkläert datt jiddereen deen den « Daum erop » benotzt offiziell al ass. Ëmmerhi wier et jo den oncoolsten Emoji. Des Weideren hu mir « d’rout Häerz ». Anscheinend soll dësen Emoji genee wéi den «Ok Emoji» och net méi wierklech dacks benotzt ginn.

Ausserdeem sinn och de Krop-, Poo-, Kräisch-, Afen-, Klapp-, Lëppestëft- an de Grimassen-Emoji all komplett „outdated“. Falls een elo awer quasi just déi Smileye benotzt, gëtt et awer nach Hoffnung. Bei de Jonken ass nämlech de Zany-Face-Emoji, d’Aubergine an den Häerz-Aen-Emoji enorm populär. En absolutten No-Go ass awer den Doudekapp-Emoji. Ganzer 28% hunn uginn datt et den onbeléiftsten Emoji wier.