Onsécherheet ass eppes, mat wat vill vun eis reegelméisseg ze kämpfen hunn. Entweder an der Schoul am sozialen Ëmfeld oder wann een nei Leit kenne léiert!

Lauschter hei!

Dat ass awer eigentlech normal an huet esouguer en Numm: De Liking-Gap!

Du gees op e Blind-Date, alles leeft gutt an d’Gespréich ass interessant. E puer Stonnen dorops gëtt engem eppes kloer: Oh nee, ech hätt déi eng Saach wierklech net soe sollen!

Et spillt een d’Gespréich ëmmer erëm am Kapp of an et falen engem ëmmer méi Saachen op, déi een hätt kënne besser maachen – et fillt ee sech einfach e bëssen domm! Dat well een net weess wat deen anere vun engem denkt – wat ass wann de Géigeniwwer einfach just héiflech war ?

Fuerscher no ass ee vun de Grënn vum « Liking Gap » datt mir eise Gespréichspartner net einfach no enger Evaluatioun vum Gespréich froe kënnen. Interessanterweis sinn d’Mënschen awer eigentlech enorm vu sech iwwerzeegt. Mir iwwerschätzen eis Fuer-Fäegkeeten, eis Ausdauer oder Intelligenz, just wa mir mat anere Leit schwätzen, si mir gefillt, inkompetent.

De Fuerscher hir Theorie beseet datt, mir de « Liking Gap » awer brauchen. Mir brauchen eng kritesch Stëmm déi eis hënnert domm an net ubruecht Saachen ze soen – wéi den Jiminy Cricket aus Pinnocchio!

Komescherweis ass dat och eppes wat bei Kanner komplett feelt a sech eréischt am spéidere Liewen entwéckelt. Ongeféier zu der Zäit an der een ufänkt sech Gedanken iwwert seng Reputatioun ze maachen.

Zum Gléck ass dat awer kee Gefill wat bléift. Wat ee säi Géigeniwwer besser kenne léiert, wat d’Gefill vun der Onsécherheet ëmmer méi ofhëlt.