Dem Adnan Ceman vu Metelux no, kéint een den Ament nach net mat Sécherheet soen, wat fir ee Summer eis dëst Joer erwaarde wäert.

De brittesche Wiederdéngscht huet fir dëst Joer op en Neits e Rekordsummer fir Europa virausgesot. Deemno soll dëse Summer iwwerduerchschnëttlech waarm an dréche ginn. Dem Adnan Ceman vu Meteolux no, misst een esou Prognosen allerdéngs mat Virsiicht betruechten. Eng Rei Modeller géifen zwar prognostizéieren, dass d' Temperatur an de Summerméint an der Moyenne 0,5 Grad iwwer der Moyenne vun deene leschten 30 Joer leie géif. Allerdéngs géif dat net automatesch bedeiten, dass de ganze Summer iwwerduerchschnëttlech waarm géif ginn. Esou kéint duerchaus méiglech sinn, dass d'Temperaturen dëse Summer gréisstendeels an engem normale Beräich leie géifen. Wann dann allerdéngs eng kuerz Period mat extremer Hëtzt opkomme géif, wier de Summer an der Moyenne méi waarm ewéi am Schnëtt vun deene leschten 30 Joer.

Am Allgemenge géifen d'Summeren awer méi waarm ginn. Dës Entwécklung géif sech iwwer déi lescht 30 Joer ofzeechnen. Dass d'Temperature klammen, géif allerdéngs och zu ëmmer méi extreme Wiederphenomener féieren. Esou kéint een zum Beispill an Zukunft duerchaus zu méi kuerzen an heftege Nidderschléi kommen. Dat wier doduerch begrënnt, dass méi waarm Temperaturen zu méi Verdonstung féiere géif, wouduerch am Endeffekt méi Nidderschléi a méi kuerzer Zäit erof komme géifen. Am Allgemenge géife méi extrem Wiederphenomener duerch de Klimawandel ëmmer méi probabel ginn.

Allerdéngs kéint een net automatesch soen, dass et an Zukunft hei zu Lëtzebuerg zu méi Iwwerschwemmungen, Tornadoen oder aneren extreme Wiederphenomener komme géif. Dës Phenomener géifen zwar am Allgemenge méi warscheinlech ginn, allerdéngs wier et schwéier virauszesoen, wéi vill vun dëse Phenomener sech an engem Land, mat esou enger klenger Fläch ewéi Lëtzebuerg ofspille wäerten.

Lauschtert hei de Reportage!