Et ass ee Projet wärend dem Summer 2021 am Häerz vu Jonglënster. Vakanz zu Lëtzebuerg mat Beach-Feeling, gudder Musek, Iessen a Gedrénks.

Lauschtert eran

D'Lënster Plage ass ee Projet wärend dësem Summer zu Jonglënster an dat um Parking Polyvalent Gaston Stein. Vu Méindes bis Sonndes, vun 11h00 mueres bis owes 22h00 kritt een do op ronn 1400m2, 300 Plaze fir sech ze sëtzen, 700m2 Sand a Spaass fir déi ganz Famill gebueden.

Viru bal 2 Joer ass de Projet opgestallt ginn an hätt och eigentlech lescht Joer sollte starten. Ma duerch d'Pandemie huet dat natierlech e bësse missten no hanne geréckelt ginn. Ee Projet deen de Leit Vakanzefeeling hei zu Lëtzebuerg soll zauberen. Dat mat Restauratioun an natierlech och enger Lounge. D'Iddi dohannert war fir de Leit mol eppes aneres unzebidde fir doheem eraus ze kommen.

Dat ganzt ass deemno an zwee grouss Beräicher opgedeelt. Eng Kéier den Espace-Terrasse an eng Kéier den Espace-Lounge mat bis zu 200 Plazen am Sand.

Ganz interessant, dass et op der Lënster Plage net just z'iessen an ze drénke gëtt mee, dass och nach ee Programm geschaaft ginn ass deen all Dag eppes anescht virgesäit. Méindes ass zum Beispill Sunset mat Live-Acts. Mëttwochs Food-Mood mat enger kulinarescher Rees. Donneschdeg Apéro-Plage ab 17h00 an der Lounge bis 21h00. Freides verschidde Live Acts a Samschdes gëtt dann um Kids-Day och eppes fir d'Kanner gebueden. All zweete Sonndeg ass dann de Sunday-Brunch, den anere Sonndeg ass da Sunday-Tunes mam Dj Tony & Friends vu mëttes 16h00 un.

Ma och fir d'Fans vum Sport gëtt do eppes gebueden. Op enger grousser LED-Wand ginn deemno och Matcher vun der EM 2021 iwwerdroen, de Vëlossport an oder d'olympesch Spiller.