D´Hoteller an d'Bausse-Gastronomie ginn zu Berlin nees op.

Berlin war gefillt mat déi leschte Stad an Europa déi e Couvre-feu agefouert huet, dowéinst ass et ëmsou méi schéin, dass elo lues a awer sécher erëm méi méiglech ass, ausser spadséiere goen. Ob et sech lount en Trip op Berlin ze maachen, weess d'Wencke.

D'Inzidenz zu Berlin geet ëmmer méi erof an esou laang se ënnert 100 ass, kann een tatsächlech e puer flott Deeg mat Aschränkungen zu Berlin verbréngen. Vum 11. Juni un sinn touristesch Iwwernuechtungen am Hotel nees méiglech. Dat huet de Senat zu Berlin elo decidéiert. Schonn zanter dem 21. Mee huet d'Bausse-Gastronomie zu Berlin op. Ma vum Freiden, dem 4. Juni un kann een och nees an engem Restaurant bannen iessen.

Och Events dobausse kënne vun dësem Weekend un nees stattfanne mat bis zu 500 Persounen. Events bannent engem Raum kënne mat bis zu 100 Persounen iwwert d'Bün goen. Vill Muséeën, Ausstellungen an Attraktiounen si jo scho méi laang op. Och kann een typesch Visite Guidéeë mam Bus oder mam Schëff op der Spree maachen. Eng Quarantän bei der Arees ass net néideg. Allerdéngs brauch een en PCR-Test dee net méi al wei 72 Stonnen ass.

Wien an e Buttek oder Restaurant wëll, brauch allerdéngs och all Kéier en neie Schnelltest, deen net méi al wéi 24 Stonnen dierf sinn. Zu Berlin kann ee keng Tester am Restaurant selwer maachen. Dofir awer wierklech op all Eck a gratis. Sief dat a Schoulgebaier, an Apdikten, matten op der Strooss aus der Mall vun Autoen, an Zelter nieft Spätien oder a fréiere Shishabars. No 20 Minutte kritt ee säi Resultat per Mail geschéckt.

Vum Weekend un dierfen sech 10 Persounen aus 5 Stéit dobaussen treffen. Fir Banneraim sinn et 6 Persounen aus 3 Stéit. Geimpfter mat Impfpass brauche keen Impfpass. Am ëffentlechen Transport wéi och an zouene Raim si weiderhi FFP2-Maske Flicht. Stoff oder OP-Maske ginn net duer. Deemno kënnt dir elo äre Summertrip op Berlin buchen.

LG aus der grousser Stad!

Wencke