Fir e flotten Hike ze maache muss een net bis an d’Ausland. Hei zu Lëtzebuerg ginn et nämlech eng ganz Rëtsch flott Wanderweeër uechtert d’Land.

Lauschter hei!

Wien awer elo no der Coronakris scho mengt, dës blann kënnen ze trëppelen, hu mer elo déi richteg Erausfuerderung – en Nuets-Hike!

En Nuets-Hike ass nämlech net nëmmen e bëssen aneschters wéi eng normal Wanderung. Wann et an der Nuecht däischter gëtt an et vläicht e wéineg méi grujeleg dobaussen ass, ass dat awer u sech déi optimal Zäit fir ee klengen oder ee méi groussen Trëppeltour.

E Wee deen ee quasi auswenneg kéint trëppelen, ass an der Nuecht nämlech nach eemol eppes komplett aneschters - keng Leit, kee Kaméidi an eng roueg an entspanend Atmosphär. Deemno wou een trëppele geet, gesäit ee wärend der Nuecht aner Déieren (oder et héiert een se). An deemno wéi erbléckt ee vläicht esouguer de Stärenhimmel.

E weidere Pluspunkt vun engem Nuets-Hike ass datt een der Summerhëtzt entkomme kann. Bei héijen Temperaturen trëppele goe kann nämlech schonn zimmlech onangeneem sinn, oder souguer schiedlech. Nodeems d’Sonn awer fort ass killt et erëm of, da kritt een och kee Sonnebrand a schweesst net esou vill.

Am Beschten hëlt een och Frënn mat, ëmmerhi fillt ee sech am däischtere jo och net grad esou sécher, wéi am Dag. De Proviant soll een och net vergiessen. E Bidon mat Téi, e puer Snacken an : eng Täscheluucht! Déi soll awer sou wäit et geet aus bleiwe, well esou gewinne sech d’Aen un d’Nuecht.

Ufänger solle sech da fir déi éischt Versich e Wee eraussichen dee se gutt kennen, well eng Nuets-Wanderung kann och geféierlech sinn. Zum Beispill wann een iergendwou fält oder vum Wee ofkënnt. Dowéinst soll een och ëmmer säin Telefon an eng 1. Hëllef Këscht dobäi hunn.