Spotify huet seng Benotzungsbedéngunge geännert. Dat u sech, ass jo kee gréissere Problem. De Problem ass : Den Abo gëtt méi deier!

Lauschter hei!

Spotify huet viru kuerzen seng Benotzungsbedéngungen iwwerschafft. Abonnente musse sech elo entscheeden op se dës akzeptéieren oder hire Konto verléiere wëllen.

Spotify huet nämlech zanter dem Update d’Recht op eng Präiserhéijung. Bis den 30. Juni 2021 huet een Zäit déi nei Bedingungen ze akzeptéieren oder net. Wien dës awer ofleent, muss domadder rechnen datt engem den Abo gekënnegt gëtt oder datt een de Konto esouguer komplett geläscht kritt. Fir dass dat net geschitt muss een dann eegestänneg dem Support schreiwen an dësen informéieren datt een den neie Benotzungsbedéngungen net zoustëmmt.

Fir d’Leit doriwwer ze informéieren ass dann eng E-Mail mat weideren Informatiounen un all d’Notzer geschéckt ginn. Wien net ënnerhalb vun 30 Deeg äntwert oder sech beim Support mellt, akzeptéiert déi nei Benotzungsbedéngungen automatesch.

A verschiddenen europäesche Länner ass Spotify och scho méi deier ginn. Esou ass den Eenzel-Abo vun 10 op 11€ geklommen, de Famillen-Abo bis op 18€.

Esou ganz ouni Grond ass d’Präiserhéijung dann awer net. Den Audio soll nämlech eng besser Qualitéit kréien. Also kënne mir eis freeën eis Liblings-Lidder an enger besserer Klang-Qualitéit ze genéissen.

Wiem déi nei Präisser ze héich sinn, dee ka jo ganz gemittlech a virun allem gratis, den Eldo lauschteren!