Jiddereen deen net gär fréi opsteet misst dat eekelegt Gefill kenne wa mueres de Wecker schellt.

Lauschter hei!

Déi meeschte vun eis stinn dann awer natierlech net op, mee dréine sech nach gemittlech 10 mol ëm ier se dann endlech dat bequeemt Bett verloossen. De Problem: Dat bréngt am Fong guer näischt an ass och nach ongesond!

De richtege Schlof-Rhythmus reduzéiert nämlech de Risk vun enger Depressioun. Dat ass aus enger Etüd vu Jama Psychiatry ervirgaangen. Hei hunn d’Wëssenschaftler vun der University of Colorado Boulder, Harvard an den MIT, d’Donnéeë vun ongeféier 335.000 Leit verglach. 85.000 Participanten hu sougenannte « Sleep-Tracker » kritt. Dëst Gerät iwwerwaacht an analyséiert de Schlof. Déi aner 250.000 Leit hunn dann hir Schlofgewunnechten an engem Questionnaire missen erklären.

Dobäi ass erauskomm datt d’Frühaufsteher zu 23% manner ufälleg fir eng Depressioun sinn.  Och dir kënnt ganz einfach dëse Risk miniméieren, wann dir äre Schlof-Rhythmus upasst. Dofir ganz einfach eng Stonn éischter schlofe goen an eng Stonn éischter opstoen. Bei 2 Stonne kann een de Risk esouguer ëm 40% reduzéieren.

De Grond ass eigentlech och zimmlech logesch. Nuets-Eilen si mueres midd an owes fit. D’Gesellschaft fokusséiert sech awer op d’Mueres-Mënschen. Als Nuets-Eil kann een dann d’Gefill kréien datt ee keen Deel vun der funktionéierender Gesellschaft ass. Déi eegen ënnerlech Auer ass nämlech dann net gläich mat dem Groussdeel vun der Gesellschaft.

Glécklecherweis muss een awer just e bësse méi fréi opstoe fir de Risk ze reduzéieren an no ongeféier 21 Deeg huet sech de Kierper och un den neie Rhythmus gewinnt – ab dann geet d’Opstoe vu ganz eleng.