No "Take Me Home" ass de lëtzebuerger Kënschtler Samwell zeréck mat senger neier Single "Very Soon". Mir haten hien am Eldo-Interview!

Lauschtert hei de ganze Reportage!

Heiansdo ass engem seng Leidenschaft fir bestëmmte Museker einfach esou grouss, datt ee sech esouguer hiren Numm tätowéiere léisst. Beim Sam Felten ass dat de schwedeschen DJ-Duo Axwell x Ingrosso.

“Schonn iwwer 10 Joer sinn ech sinn e grousse Fan vun Axwell x Ingrosso. Um Tomorrowland hunn ech se schonn e puer Mol gesinn an et ass wierklech phenomenal. An duerch d’Kolleegen ass dunn aus “Axwell” den Numm “Samwell” entstanen.”

De Samwell probéiert seng Ziler net ze héich unzesetzen a realistesch ze bleiwen. Hie wëll de Leit mat senger Musek eng gutt Zäit verschafen a freet sech iwwert all Eenzelen dee seng Lidder lauschtert. Seng ganz nei Single heescht “Very Soon”.

“D’ass wierklech e Summer-Vibe. Ech wollt eppes kreéieren, dat d’Leit elo virum Summer einfach frou mécht an hinnen hëlleft duerch déi schwéier Phase ze kommen. Am Track erwaart iech eng souleg Stëmm. Progressive-House géing am beschten dobäi passen.”

RTL

© Sam felten

A genee déi souleg Stëmm kënnt vum J Fitz. Hei handelt et sech ëm en iresche Singer/Songwriter, mat deem de Samwell och schonn op der Single “Take Me Home” zesummegeschafft huet. Kennegeléiert hunn déi zwee sech iwwert eng Internet-Plattform.

“Fir d’éischt kritt een emol eng Iddi geschéckt. Da lauschtert een déi un an da kann ee soe wat engem gutt a wat net esou gutt gefall huet. Bei “Very Soon” hu mir dräi bis véier Mol hin an hier geschriwwen bis ech zefridde war an et esou war ewéi et soll sinn.”

Wärend deem leschte Joer huet de Lëtzebuerger Kënschtler och ugefaange selwer ze mixen an zesumme mat 3 Kolleegen den DJ-Gupp Ironik gegrënnt. Ënnert anerem wäerte si dëst Joer um LOA Festival opleeën. Mat sengem Solo-Projet wäert de Samwell elo am Juli seng éischte Single um belsche Label “Bonzai Progressive” erausbréngen.