Den Horoskop vum Eldo seet iech är Woch viraus dat mam passende Sound!

Widder

Bow Anderson - New Wave

Bei de Widdere fänkt elo eng nei Zäitrechnung un.

Stéier

JC Stewart - Break My Heart

Och wa se fir hire Stuerkapp bekannt sinn, kënnen och d'Stéiere wéigedoe kréien

Zwilling

Fergie - London Bridge

D'Zwillingen hu lo laang genuch zou gemaach. Elo ginn d'Dieren nees op.

Kriibs

Glockenbach ft CLOCKCLOCK - Redlight

D'Kriibse musse sech nach ee Moment gedëllegen a roueg bleiwen.

Léiw

Kings Of Leon - Use Somebody

Nodeems de Léiwen hiert gutt Häerz dacks genuch ausgenotzt gouf, gi lo d'Krallen ausgepak

Jongfra

Anne-Marie ft Niall Horan -Our Song

Soubal d'Jongfraen ee gewëssent Lidd héieren, hu se nëmmen nach eng Persoun am Kapp.

Wo

Shawn Mendes -Stitches

D'Woe sinn nach am Gaangen hir Wonnen ze verpléischteren. Passt op dass keen dru geet.

Skorpioun

J. Cole - Middle Child

Fir d'Skorpiounen ass et eng blöd an ongewinnte Situatioun tëscht de Still ze setzen.

Schütze

Easy Life - Skeletons

Et gëtt Zäit bei de Schütze mol nees am Schaf opzeraumen an d'Skeletter auszeraumen.

Steebock

Cardi B & Bruno Mars - Please Me

D'Steebéck hunn einfach Loscht sech mol nees eppes Guddes ze doen.

Waassermann

The Weeknd ft Daft Punk - I Feel It Coming

Eis Waassermänner sinn elo net méi ze stoppen. Si hu grouss Pläng fir d'Zukunft

Fësch

Zedd & Elly Duhe - Happy Now

Eis Fësch si grad vu Kapp bis Floss richteg glécklech an zefridden.