Fréier hat ee bestëmmt nach ee klasseschen analoge Wecker, deen een aus dem Bett geheit huet. Haut ass et de Smartphone.

Lauschtert eran

Wa mueres de Wecker schellt, heescht et fir vill Leit sech lues a lues fäerdeg maachen an op d'Schaff oder an d'Schoul fueren. Fir net ze spéit ze kommen, gräifen der ganz voll op de Smartphone zeréck a stellen den Wecker esou an. Problematesch kéint et dann awer gi wann dësen ze lues ass an een e quasi net héiert. Ma et kann allerdéngs och nerve wann en ze haart agestallt ass.

De Volume astellen

Fir unzefänken kann et sinn, dass een déi falsch Astellunge gewielt huet. Beim IPhone geet een an d'Astellungen, dono bei d'Optioun ''Töne & Haptik'' an da bei ''Klingel-und Hinweistöne''. Do kënnt der iwwert ee Reegeler astelle wéi haart der dëse wëllt hunn.

Wann een de Wecker net héiert

Et kann och fir kommen, dass een de Wecker méi haart gestallt huet an een en trotzdeem net héiert. Dat läit dann eventuell un engem anere Problem. Hei gëtt et nämlech och d'Méiglechkeet beim Wecker guer keen Toun anzestellen. Dann héiert een nämlech näischt ausser d'Vibratioun.

Fir dee Problem ze behiewe musst der an der Wecker-App uewe riets op ''Bearbeiten'' drécken an iergend eng Auerzäit auswielen. Elo hutt der esouguer de Choix vu verschiddenen Téin.

Passt just op, ob der den Handy eventuell iwwer Bluetooth mat Kopfhörer verbonnen hutt. Da kann et nämlech sinn, dass den Toun vum Wecker och iwwert d'Kopfhörer ofgespillt gëtt. Donieft ginn et dann och nach verschidde speziell Wecker-Apps, ma mir recommandéieren awer déi déi um Handy virinstalléiert ass.