D'Europameeschterschaft kënnt ëmmer méi no. Dann hänken och gären ëmmer nees Fändelen oder aner Saachen un den Autoen. Mee wat ass dovun erlaabt?

Mer hunn iwwert dëse Sujet mam Alex Friedrich aus dem ACL Trafik-Info geschwat.

Dierf een iwwerhaapt esou Modifikatiounen (Fändelen, Stickeren, etc.) op den Auto ubréngen?

Generell ass et laut der nationaler Gesetzgebung net verbueden e Fändel oder e Sticker u säin Auto ze hänken. Allerdéngs, ginn et do Konditiounen déi mussen erfëllt sinn :

  • D’Siicht däerf net behënnert ginn , wann z.b. eppes iwwert de Spigel hänkt da geet dat net ,
  • oder wann d’Fënster zum Deel zougehaangen oder gepecht ass, dann ass dat och net méi erlaabt.

Wéi eng Artikelen dierf een dann do benotzen?

Eemol alles wat kee verletzte kann, weder sech selwer nach déi aner. An dann och all Artikel, dee kee Schued ka maachen. Dat weder un engem aneren Auto nach un ëffentlechen Infrastruktur, wéi zum Beispill enger Strooss, engem Trottoir, Luttepottoen, a sou weider.

Et däerf deemno net schneiden, net spatz sinn, net picken oder soss geféierlech sinn.
Dat bedeit dann och, dass een näischt un den Auto ubréngen dierf wat am Fall vun engem Accident dëse kéint verschlëmmeren. Zum Beispill an deem eng vun den accidentéierte Persounen eventuell méi schlëmm Blessure krut, duerch de Gadget deen um Auto houng.

Genee déi selwecht Reegele gëlle fir all Artikel, dee bannen am Auto ugemaach gëtt. Dës dierfen natierlech och keng Gefor duerstelle wann ee mol staark ofbremse muss oder een en Accident huet an d'Passagéier doduerch verletzt ginn. Et muss also esou ugemaach ginn dass et net dorëmmer fléie kann am Auto.

Wat riskéiert ee wann een do Saachen un den Auto mécht déi net erlaabt sinn?

Bei Infraktioune sinn Avertissements Taxés  vun entweder 49 oder 74 Euro virgesi. Deemno wéi schlëmm et ass, kann ee Gefier awer och mol seng Homologatioun verléieren, an domat seng Immatrikulatioun, mee dat geet dann awer schonn zimmlech wäit. Da misst den Auto extrem gerëscht sinn.

Sinn all d’Artikelen déi et am Supermarché ze kafe ginn och erlaabt un den Auto unzebréngen oder gëllt et awer opzepassen?

All Equipementer déi op d‘Gefierer drop komme mussen EU-konform sinn. Ma dat ass awer villäicht net ëmmer bei all Artikel an de Butteker de Fall. Dorobber gëllt et also opzepassen, a gegebenenfalls och ier een déi Artikele keeft ze checken.

Déi nämmlecht Reegele gëllen dann och fir Gadgeten AM Auto: wat ronderëm fléie kann oder ee verletze kann ass verbueden.

Ier een dann ee Gadget am Butték keeft, gëllt et ze kucken, op dësen och den EU-Normen entsprécht.