D'Geschicht vun Nintendo ass eigentlech scho méi al wéi d'Konsol selwer an dofir gëtt elo eng ''Nintendo Gallerie'' opgemaach.

Lauschtert eran

An den Universal Studios a Japan kann ee mëttlerweil schonn den Themepark vun Nintendo besiche goen. E spannende Park deen och d'Spannung vun der Geschicht vun Nintendo selwer verkierpert.

Schonn 1889 ass d'Firma gegrënnt ginn a war am Ufank op d'Hierstellung vun Hanafuda genannte Spillkaarte fokusséiert. Och am Beräich vun analoge Spillsaachen huet d'Firma iwwert d'Joren vill Produiten op de Marché bruecht vun deenen haut quasi kee méi eppes weess.

An engem Viruert vu Kyoto an enger aler Produktiouns-Hal wëll Nintendo elo der eegener Geschicht een Denkmal setzen. Zu Uji soll elo d'Nintendo Galerie entstoen déi ee sech als Spillsaache-Musée virstelle kann. Hei ginn dann alleguerten déi Saache presentéiert an ausgestallt déi d'Firma bis elo op de Marché bruecht huet.

Natierlech gesäit een hei och alleguerten d'Spillkonsolen a Spillsystemer déi Nintendo an all deene Joren eraus bruecht huet. Si selwer ginn un, dass se mëttlerweil iwwer 5 Milliarde Videospiller a méi wéi 790 Millioune Konsole verkaf hunn.

Déi éischt Skizze wéi dat ganzt soll ausgesi fannt der och um offizielle Site vun Nintendo.