The Voice, déi beléiften Tëlee-Sendung, béi der just d’Stëmm zielt ass nees do! Elo hutt dir souguer d’Méiglechkeet äert Gléck ze probéieren.

Lauschter hei!

Zanter 2010 ass « The Voice »  fir vill verschidde Länner adaptéiert ginn a deementspriechend och e grousse Succès. Soss géif et d’Format mëttlerweil warscheinlech och net méi ginn. Dëst Joer ass et awer e bëssen aneschters. Op mannst fir d’Bewunner vum Eldoland!

Professionell- an Hobby-Sänger kënne nämlech vum 19. Juni fir e Casting geruff ginn. Dat Ganzt tëscht 11 a 17 Auer am Kinepolis Kierchbierg. Eng Alters-Limitt gëtt et och net, ob grouss oder kleng, jonk oder al, hei ka jidderee säin Talent op d’Prouf stellen.

Leider gëtt et awer keen « The Voice Luxembourg ». D’Eldoland kann da bei der franséischer « The Voice » Versioun matmaachen. Hei muss ee sech virum 17. Juni per E-Mail umellen. Einfach e Virstellungs-Video mam Handy ophuelen an (era) un « Castingtvlu@gmail.com » schécken. De Vir- an de Familljen-Numm, den Alter, an d’Uertschaft aus der ee kënnt däerf ee net vergiessen. Ass ee mannerjäreg, mussen d’Elteren dat awer als éischt accordéieren.

Iwweregens ware schonn e puer mol Lëtzebuerger bei « The Voice » dobäi – a Frankräich an an Däitschland. A Frankräich bei « The Voice : Kids », hunn d’Naomi an d’Lena, zejoert d’Eldoland representéiert. An Däitschland war et de George Philippart, an den James Borges.