D'Kulturministesch huet mat Eldoradio iwwert den Neistart vun der Kultur an d'Wichtegkeet vun der Kultur fir déi Jonk geschwat.

Mat der Oplockerung vun de sanitäre Mesurë wäert et och an der Kultur zu weideren Ouverture kommen. Wéi d'Kulturministesch Sam Tanson am Eldo-Interview sot, géif de Covid-Check et erlaben nees ouni Ofstand a Mask vu kulturellen Offeren ze profitéieren.

An den Echangen, déi de Ministère bis ewell mat de Leit aus dem Secteur hat, hätt sech dann och erausgestallt, dass d'Demande nom Covid-Check nawell grouss wier.

D'Institutioune kéinten awer selwer decidéieren, ob si op de Wee vum Covid-Check goe wéilten. Wa si dat net maachen, wäerten d'Leit awer och bei kulturellen Evenementer en Ofstand vun 2 Meter zoueneen anhalen an e Mask undoe mussen.

Zum sou  genannte Kultur-Pass a Frankräich, mat deem déi 18-Järeg 300 Euro fir kulturell Zwecker zu Verfügung gestallt kréien, sot d'Ministesch, dass den Ament kee Projet an dëser Aart zu Lëtzebuerg geplangt wier.

Engersäits hätt een de Secteur wärend der Kris finanziell ënnerstëtzt. Esou hätt een iwwer de Programm Neistart zousätzlech 5 Milliounen € an d'Kultur investéiert an et hätt een eng finanziell Hëllef fir d'Intermittens du Spectacle op d'Been gestallt. Dës soll allerdéngs Enn Juni auslafen an duerno net méi verlängert ginn. Dat well d'Demande dofir den Ament net gi wier. De Statut vum Intermittent du Spectacle soll iwwerdeems iwwerschafft ginn. Domadder wéilt een d'Léieren aus der Pandemie zéien. Déi entspriechend Berodunge mam Secteur géifen den Ament lafen an dës Reform soll geschwë finaliséiert ginn.

Ausserdeem huet d'Ministesch dorops verwisen, dass et hei am Land schonn eng Rei Vergënschtegunge fir jonk oder defavoriséiert Leit géife ginn.

Esou géife Leit bis e gewëssen Alter fir näischt an d'Muséeë kommen an d'Philharmonie géif fir Leit bis e gewëssen Alter Ticketen zu engem reduzéierte Präis ubidden. Iwwerdeems géif et e Kulturpass fir defavoriséiert Leit ginn. Mat dësem géifen si Zougang zu enger ganzer Rei vu kulturellen Offere kréien.

Hei kënnt dir de Reportage lauschteren!

Schliisslech wier et der Ministesch wichteg, déi Jonk nohalteg fir d'Kultur ze begeeschteren. Dat géif een awer net erreechen andeems een hinnen e Bong an de Grapp drécke géif. Villméi misst ee si bei der Entdeckung vun der Kultur begleeden. Dofir géifen alleguerten d'Institutiounen, mat deenen de Ministère Konventiounen huet, dann och extrem vill Projeten, déi sech un déi Jonk riichten a si mat abanne géifen. Ee Beispill wieren d'Rotonden, déi ganz vill Projete mat Jonken a jonken Erwuessenen zesummen ausschaffe géifen. Ma och d'Muséeën hätten Offeren, déi sech ganz speziell un déi jonk riichte géifen.

E Bong no der Zort vum franséische Kultur-Pass kéint e Supplement zu enger ganzer Kulturpolitik sinn. Eng eemoleg Consomatioun vun enger kultureller Offer géif déi Jonk awer kaum dauerhaft un d'Kultur bannen.