D'Mini Entreprise stellt Sets hir mat deenen ee sech ganz einfach eng Gesiichtsmask zesumme stelle kann.

Vun Apps, Iessen, bis op Kosmetikproduiten – Am Ufank ware vill Iddien do, déi een als Mini-Entreprise ëmsetze wollt. Nodeems déi 3 Schülerinnen aus dem Jongelycée (LGL) Kim, Marie a Caroline awer ausgeschafft hu wat si am meeschte géif uspriechen, si se bei der Iddi vun de Gesiichtsmasken hänke bliwwen.

D'Mini Entreprise mam Numm "Face It" stellt Sets hir mat deenen ee sech eng Gesiichtsmask zesumme stelle kann. Wichteg war de Schülerinnen hei op nohalteg Produiten ze setzen an och a Punkto Verpackung op Plastik ze verzichten. An esou engem Set fënnt een dann e Glas mam Leem an och e Bengel fir sech d'Mask zesummen ze mëschen. A fir d'Hoer wärend der Wellness-Aktivitéit net an d'Gesiicht ze kréie kritt een och en Hoerband dobäi. Dës hunn d'Schülerinne aus recycléiertem Stoff selwer gebitzt.

Nieft der Nohaltegkeet spillt och den Aspekt mat, dass dat Ganzt esou einfach wéi méiglech ze handhabe soll sinn.Fir de Set doheem ze benotze brauch een deemno keng besonnesch Ingredienten oder Skills. Dat wat een nach dobäi füge soll, sinn alles Ingredienten, déi ee souwisou doheem fënnt an och natierlech sinn. Esou ëmgeet een och de Risiko, dass Clienten eng allergesch Reaktioun op d'Maske maachen, d'Komponenten am Set sinn nämlech fräi vu Chemikalien.

Ee Set kascht 10 Euro a mat dësem kann ee sech minimum 8 Gesiichtsmaske maachen. Fir verschidden Deeg, wéi zum Beispill fir Mammendag, ginn et awer och extra Offeren. Méi Infoen dozou a wéi der de Produit bestelle kënnt, fannt dir hei.