A Mexico ass eppes zimmlech skurriles geschitt. Hei ass nämlech vun haut op muer e risegt grousst Lach an engem Feld opgetaucht.

Lauschtert eran

An engem Feld an der Uertschaft Stanta Maria Zacatepec aus dem Bundesstaat Puebla huet sech iwwer Nuecht en 5 Meter breet Lach gebilt. De Problem: Zanter deem d’Lach sech gebilt huet ass et awer och méi Grouss ginn. Vun 5 Meter Duerchmiesser ass et op 78 Meter gewuess.

Domadder awer net genuch: Mëttlerweil ass et nach méi grouss ginn. Elo huet et eng Gréisst vu 97 Meter. Also quasi esou grouss wéi e Fussballterrain – eng vun den e bësse méi skurrille Sehenswierdegkeeten a Mexiko.

D’Lach ass och zimmlech séier zu enger Online-Bekanntheet ginn. Esou ginn et schonn onzieleg Memes iwwert d’Äerd-Lach. Zum Beispill goufen hei einfach de Godzilla, Héichhaiser oder Fussballterrainen an d’Lach gephotoshopped.

Mee wéi ass dat ominéist Lach eigentlech entstanen, e grousse Maulef war et jo warscheinlech net? D’Ursaach ass leider nach net  genee gewosst. Experte spekuléieren awer datt et sech ëm ënnerierdesch Flëss handelt. Dës sollen de Buedem onstabil gemaach hunn. Esou soll dann en Huelraum entstane sinn deen iergendwann agefall ass. Iwweregens ass d’Lach ongeféier 20 Meter déif a fëllt sech duerch de Reen den Ament mat Waasser.