D'Salairë sinn net dat eenzegt, dat hei am Land méi héich ewéi an der Moyenne vun der EU ass. Och d'Käschte vum Liewe sinn zu Lëtzebuerg iwwerduerchschnët

Lëtzebuerg huet den héchste Brutto-Salaire an der EU. An der Moyenne läit Dëse bei 64.932 €. Dat geet aus enger Enquête vum Statec ervir. Dat sinn 182 Prozent vum Duerchschnëtts-Loun, deen an der EU bezuelt gëtt. Allerdéngs muss een hei d'Struktur vum Lëtzebuerger Aarbechtsmarché berécksiichtegen. Esou schaffen 13 Prozent vun de Lëtzebuerger Salariéen am Domaine vun de Finanzen a vun den Assurancen. Weider 9 Prozent ginn héichspezialiséierte wëssenschaftlechen an techneschen Aktivitéiten no. Domadder ass den Undeel vun de Leit, déi an dëse béiden Domaine schaffen, hei am Land däitlech méi héich ewéi an der Moyenne vun der EU. Well d'Paien an dëse Secteure besonnesch héich sinn, dreift dat d'Moyenne vum Brutto-Salaire hei am Land deementspriechend an d'Luucht.

D'Salairë sinn dann och net dat eenzegt, dat hei am Land méi héich ewéi an der Moyenne vun der EU ass. Och d'Käschte vum Liewe sinn zu Lëtzebuerg iwwerduerchschnëttlech héich. Wann een dat berécksiichtegt ass den Ofstand tëscht Lëtzebuerg an deenen anere Länner net méi esou héich a stellt "nëmmen" nach 145 Prozent vum Salaire, deen an der Moyenne an der EU bezuelt gëtt, duer. Oder einfach gesot: Hei am Land verdéngt ee méi, awer et kann een sech manner dovunner kafen. Wann een d'Kafkraaft, déi ee mat sengem Salaire huet, berécksiichtegt, ginn a verschiddene Regiounen esouguer besser Paien, ewéi am Grand-Duché bezuelt. Esou zum Beispill an den däitsche Bundeslänner Bayern an Hamburg oder an der franséischer Regioun Île de France.

Eng aner Saach, déi hei am Land däitlech méi héich ewéi am Rescht vun der Unioun ass, sinn d'Primmen an d'Bonussen, déi een um Enn vum Joer ausbezuelt ginn. Well heirënner och den 13. Mount fält, maachen dës zu Lëtzebuerg an der Moyenne 15 Prozent vum Brutto-Salaire aus. An der EU läit dësen Undeel an der Moyenne bei 8 Prozent.

Ausserdeem sinn d'Salairen hei am Land och net an all Beräich méi héich ewéi am Rescht vun der EU. Esou ginn zum Beispill an der Horeca an der Belsch am Schnëtt méi héich Salairen ewéi zu Lëtzebuerg bezuelt.

D'Salairë sinn hei am Land dann och ganz ongläichméisseg verdeelt. Esou verdéngen, déi 10 Prozent mat deenen héchste Paien 3,5 mol esou vill ewéi déi 10 Prozent mat den nidderegste Paien. A 17 EU-Länner ass dësen Ecart manner héich. Ausserdeem verdéngen d'Männer zu Lëtzebuerg am Schnëtt méi ewéi d'Fraen. Mat 1,4 Prozent ass de sougenannten "Gender Pay Gap" hei am Land awer dee klengsten an der EU.

Schliisslech lount et sech als Lëtzebuerger an d'Schoul, respektiv op d'Uni ze goen. Wien de Lycée ofschléisst, verdéngt an der Moyenne 40.000 € am Joer. Ouni Ofschloss sinn et der 30.000. Mat engem Unisdiplom verdéngt een dann esou guer 2,4 mol esouvill ewéi eng Persoun déi de Lycée net ofgeschloss huet.