Gutt gemengt ass net onbedéngt gutt nogefrot…

Mat Mëtt 20 fänkt et un, Enn 20 gëtt een als Fra gäre mol un déi biologesch Auer erënnert a spéitstens mat Mëtt 30 gëtt den Toun méi kritesch. Nieft Singelen, déi domat gäre konfrontéiert ginn, sinn et och dacks jonk Koppelen, déi sech hei vill musse gefale loossen. Net just enk Frënn mee och Bekannter a Famill froen ëmmer nees no wéini et dann endlech esou wäit ass. Ma och wann dës Fro dacks net béis gemengt ass, nervt se, léist Drock aus a virun allem ka se en immens wonne Punkt treffen!

Nom Kontestand vum vis-à-vis froe mer net, nom Sexliewe vum aneren och net. Ma firwat denken d’Leit dann, dass een en Usproch dorop hätt ze wëssen ob Leit e Kand erwaarden, eent wëllen oder deemnächst eent geplangt hunn?

Villäicht hu mer d’Tendenz d’Kanner-Kréie mam Kanner hunn am Gespréich ze verwiesselen. Wie Kanner huet schwätzt nämlech meeschtens ganz gären doriwwer, esou laang hei net ze vill ongewollten Tipps gedeelt ginn ass dat nämlech e super Small-Talk-Thema. Ma beim Kanner kréien ass dat eppes aneres well meeschtens en Urteel matschwéngt, eng gesellschaftlech Norm erwaart gëtt oder een de Géigeniwwer domat blesséiere kann.

An ier elo hei déi „Et dierf een dach nach froen dierfen“-Fraktioun sech opreegt: Enner bestëmmten Ëmstänn dierf een natierlech nofroen. Dat hänkt dovun of wéi gutt een d’Persoun kennt an a wéi engem Kader een nofreet. Fir sécher ze goe kann ee sech jo einfach mol selwer froen: Wëll ech mat där Persoun iwwer Feelgebuerten, Onfruchtbarkeet, finanziell Problemer oder änlech perséinlech Ëmstänn schwätzen. A virun allem wëll déi aner Persoun dat mat mir deelen? An ass genee elo de richtege Moment dofir?

Ass d’Äntwert ob eng vun dësen 3 Froen en Nee oder och just e villäicht, da geet et iech näischt un an dir fannt bestëmmt en anert Thema wat sech besser fir de Small-Talk eegent. Dat heescht awer elo net, dass et en Tabu-Thema ass, ganz am Géigendeel: ass d’Gespréich gewënscht kann déi aner Persoun jo ëmmer nach op iech zoukommen.

Lauschtert hei d'Reportage