D'Pandemie huet ville Leit d'Aen op gemaach a punkto Aarbecht. Onzefriddenheet mécht sech breet an de Gedanken no engem neien Job ass present.

An deene leschte Méint hunn d'Leit d'Zäit net just genotzt fir nei Skills oder Hobbyen ze entwéckelen, mee hu sech och Gedanken iwwert hire Beruff gemaach. Enger Etüd vu personio no, léisst sech drop schléissen, dass sech d'Leit intensiv mat hirer Jobsituatioun befaasst an ausernee gesat hunn an och wëlles hunn eppes ze änneren.

Der Etüd no plangen nämlech 13 Prozent vun deene Befroten an deenen nächste 6 Méint ee Wiessel am Beruffsliewen. Ee Grond dofir wier zum Beispill déi wéineg Opstigsméiglechkeeten. Ënnert anerem ass dann awer och d'Wäertschätzung vun der geleeschter Aarbecht mangelhaft an och d'Gehaltskierzunge wären ee Grond.

Ganz interessant ass och, dass vill Leit an der Etüd uginn hunn, dass 27 Prozent kënnege wëllen, well een Aarbechtskolleeg entweder gekënnegt krut oder selwer gekënnegt hunn. Eng schéin Erkenntnis aus der Etüd ass, dass den Zesummenhalt am Team méi grouss ass wéi ee mengt.

Genau dat ass ee wichtege Punkt. Wann een zesummen hält kann een och vis-a-vis vu sengem Chef eppes erreechen. Vun den Entreprisen hier ginn d'Aarbechter nämlech net ganz gäre goe gelooss. 34 Prozent vun deene befroten HR-Managerinnen a -Manager hunn an enger Ëmfro uginn, dass den Erhalt vu Mataarbechter ''Top-Prioritéit'' hätt. Huelt iech dat zu Häerz a probéiert an ärem Betrib eppes op d'Been ze setzen iert der d'Bengele bei d'Tromm geheit.

Lauschtert eran