Den lëtzebuergeschen Museker Steve Marinangeli huet seng nei Single an säin Album, deen den 2. Juli eraus kënnt virgestallt.

Lauschtert hei de ganze Reportage!

Musek war am Steve Marinangeli sengem Liewe schonn ëmmer e grousst Thema. Wärend dem Lockdown d’lescht Joer huet hien dunn och ugefaange selwer Lidder ze schreiwen an ze produzéieren. Prinzipiell konzentréiert hie sech momentan awer op de Songwriting.

Ech hu wierklech ugefaange mat Songwriting wärend dem éischte Lockdown. Do hat ech op eemol bësse méi Zäit. An do hunn ech probéiert aner Saachen u mir kennen ze leieren an do war eng dovunner eben de Songwriting.   

Nodeems de Steve seng éischt Single erausbruecht huet, huet hie sech ëmmer méi fir d’Musek interesséiert an huet an Zwëschenzäit scho 4 Lidder released.

Mat sengem Debut Sacrifice konnt de Steve d’lescht Joer eng éischte Kéier op sech opmierksam maachen. Viru kuerzem huet hie seng nei Single This Time erausbruecht. Virun allem dominéieren hei Aflëss aus den 90er- an 2000er-Joren. Eng Zäit déi e groussen Impakt op de Steve hat.

Et ass eng Popballad mat engem richtege Key-change zum Schluss. Se ass eigentlech entstaanen zesumme mam Simon Ellis, deen och scho mam Britney Spears geschafft huet a Musical Director bäi Westlife ass.

Op This Time behandelt de Steve Marinangeli gréisstendeels Situatiounen aus dem Liewen, déi mir alleguerte kennen. Mat där englescher Sängerin an Newcomerin Anna Bea huet de Steve dann och déi richteg Stëmm fir säi Lidd This Time fonnt.

Ech hu bëssen op Spotify an am Internet gekuckt an no Newcomer gesicht déi och nach am Ufank stinn. Do sinn ech op d’Anna Bea getraff, wat deemools eng EP rausbruecht hat, déi mer gutt gefall huet. An Gottseidank hat hatt seng Kontaktdaten a sengem Profil stoen.

Fir d’Produktioun vu senge Lidder hëlt de Steve sech och Hëllef vu verschiddene Produzenten. Säi Plang: E ganzt Team ronderëm sech opbauen a sech selwer voll a ganz op de Songwriting konzentréieren.

Et ass och schwéier fir ee vir Produktioun a Mastering  ze maachen, wann een dat net studéiert huet wéi zum Beispill d’Grondlage vun der Musek. Dat iwwerloossen ech eigentlech de Profien an ech konzentréiere mech den Ament just op de Songwriting.

Fir alleguer d’Fans vum Steve Marinangeli a senger Musek ginn et dann och gutt Noriichten. Säin éischten Album Hidden Thoughts kënnt Ufanks Juli eraus a wäert dann och op allen bekannte Platzen ze fanne sinn.