De Miro Andrusic huet schonn a ville Bands gespillt an all Stil ausprobéiert. Mat sengem Solo-Projet Myrro huet hien elo d'Single "New York" erausbruecht!

Lauschtert hei de ganze Reportage!

Och wann de Myrro haut nach ëmmer an enger Band spillt, genéisst hien et eleng Musek ze maachen. Hei kann hien dat maache wat hie wierklech wëll, ouni Limitten an ouni sech musikalesch oder zäitlech un iergendeen upassen ze mussen. Seng Musek produzéiert de Kënschtler nach ganz romantesch doheem a senger Kummer. Iergendwann kënnt dann awer och dee Moment, an deem ee seng Stécker mat eraus virun d’Dier hëlt.

“Ech spillen et léiwer Leit vir, déi net esou vill mat Musek ze dinn hunn an déi mir net soen datt de Bass ze héich oder ze déif ass. Meng Fro ass ëmmer: Wéi ass de Vibe? Wéi ass de Feeling? Wéi fënns du dat Stéck? Ech brauch am Fong net méi Kritik. Wann ech e luest oder en trauregt Lidd wëll schreiwen an déi aner soen dass et traureg ass, dann ass et genee dat wat ech wëll erreechen.”

RTL

© Miro Andrusic

Beim Myrro leeft ganz vill iwwert de Vibe an de Feeling. Seng Inspiratioun kënnt aus der Literatur, virun allem awer aus sengem Liewen. Hie probéiert déi Saachen déi hien ëmginn, déi hie gesäit a selwer fillt a senge Lidder ze verschaffen. An där neier Single geet et schonn iergendwéi ëm d’Stad New York, iergendwéi awer och net.

"Egal ob et d’Skyline vum Kierchbierg oder vun New York ass – du trëppels duerch eng Stad, d’Sonn schéngt an du sees dir: Wow dat Liewen ass esou schéin! Mir liewen alleguer op dësem Planéit a mir liewen elo. Dat heescht: Profitéier vum Moment!”

Als erfuerenen Büne-Museker freet de Myrro sech och scho seng Lidder live viru Public ze presentéieren. Deemnächst sinn dann och schonn eng ganz Partie Concerte geplangt.

RTL

Miro Andrusic / © Eldoradio

“Ech wäert dëse Summer och einfach eleng ënnerwee sinn, just mat menger akustescher oder elektrescher Gittar. Dat ass och déi éierlechst an déi natierlechst Aart a Weis fir Musek ze maachen. Et kommen also definitiv e puer Concerten.”

Laangfristeg ass beim Myrro dann och en Album en vue. Säi Computer ass voller Stécker an Iddien, déi bei him am Kapp fir d’éischt awer nach e bësse mautsche musse bis se räif sinn. Elo freet hien sech awer einfach emol seng lässeg, cool a grooveg Single “New York” ze presentéieren.