Zesumme mat der Police ware mer haut op eng Kontroll. Gekuckt gouf op den Handy net am Gebrauch war hannert dem Steierrad, an d'Undoe vum Gurt.

Den Handy ass quasi non-stop am Asaz. Ma hannert dem Steierrad huet en awer näischt ze sichen. Dat gëtt awer dacks net respektéiert. Dofir kontrolléiert d’Police dat och ëmmer nees. Awer net mam Zil d’Leit ze nerven.

Wéi leeft esou eng Kontroll eigentlech of?

Esou eng Kontroll wéi déi heite, bei der kontrolléiert gëtt, ob een den Handy beim Fuere benotzt, oder och de Gurtnet richteg unhuet gëtt quasi op zwou Plaze gemaach. Um éischte Poste steet dann ee Policebeamten a kuckt wéi eng Autoen, respektiv d'Besëtzer vun den Autoen sech net un de Code de la route halen. Dës mellen dann de Beamten, déi e puer honnert Meter méi wäit stationnéiert sinn, wéi eng Autoen mussen ugehalen an protokolléiert ginn. Duerno ginn dann d'Pabeiere gekuckt, an de Chauffer kritt gesot wat e falsch gemaac huet, a wat en dat kascht. Am Fall vum Handy sinn dat dann 145 Euro an 2 Punkten. Wat een op kee Fall maache soll: wann ee vun engem Beamten een Zeeche gemaach kritt, an dann einfach weider fiert. Dee Fall hu mer och op der Kontroll erlieft. Hei war d'Situatioun awer séier gekläert: de Polizist ass hannendru gefuer, an huet de Chauffer nees zeréck op de Poste bruecht. Mee och dat kascht: nach eemol 145 Euro an zwee weider Punkten.

Lauschtert hei eran!

Firwat ginn dës Kontrolle gemaach?

Wéi den André Schaack vum Service national de circulation et de sécurité routière gesot huet ass et beileiwen net d'Zil vun der Police d'Leit rosen ze maachen. Vill méi geet et drëms d'Leit op hiert Feelverhalen opmierksam ze maachen. Dat well et einfach geféierlech ass. Wéi den André Schaack betount, ass beim Handy besonnesch de sougenannte "Blindflug" geféierlech. Als Beispill: ee Chauffer dee mat 50 km/h ënnerwee ass, a genee 1 Sekonn op den Ecran kuckt, fiert 14 Meter weider, ouni eppes an der Ëmgéigend matzekréien. Also och kee Kand dat villäicht iwwert d'Strooss leeft. Well d'Leit sech awer net wierklech vun der aktueller Strof beandrocke loossen, gëtt aktuell un enger Propose geschafft, dass dëse Verstouss géint de Code de la route an Zukunft keng 2, mee 4 Punkte kaschte wäert.