Den Alldag ze verschaffen, ass net ëmmer einfach. Ma ganz bestëmmte Feierowend-Ritualer kënnen do Wonner wierken.

Wann een 8 Stonnen den Dag a 40 Stonnen d'Woch op der Schaff verbréngt, dann ass et heiansdo schwiereg d'Gedanke vun der Aarbecht net mat heem ze huelen. Déi eng kréien dat ganz einfach hin an anerer doe sech domat effektiv méi schwéier.

Hei e puer Iddie wéi der ären Aarbechtsalldag net mat an déi eege véier Wänn huelt.

Fänkt mol domadder un är Aarbecht mat als äert Liewen ze gesinn. Prinzipiell schafft ee fir ze liewen an et lieft een net fir ze schaffen. Probéiert iech bewosst ze ginn, dass Fräizäit net ouni Grond d'Wuert fräi enthält.

Wann der fäerdeg sidd mat ärer Aarbecht, da rennt net direkt zur Dier eraus, mee gitt déi Saach gemitterlech un, well schliisslech ass de Stress eriwwer. Eventuell hëlleft do och den Heemwee. Fir vill Leit ass dësen nämlech ee Ritual bei deem se wuertwiertlech Distanz zu der Schaff kréien. Eng Distanz déi sech och am Kapp festsetzt.

Ee weidere gudden Tipp ass d'Wuert Feierowend. Do ass nämlech d'Léisung scho mat néiergeschriwwen. Feiert ären Owend, loosst iech et gutt goen, verwinnt iech an huelt iech wierklech Zäit fir déi Saachen déi der gäre maacht. Loosst iech net arieden, dass d'Schaff äert Liewen dominéiert. Déi griichesch Philosophe gesinn d'Liewen nämlech als Fest. Dat virun allem well et méi ass wéi nëmmen de Fait seng Flicht mussen ze erfëllen.

Zu gudder Lescht nach d'Kiischt um Kuch an zwar ass et wichteg net ze bewäerte wat den Dag iwwer geschitt ass. Reflektéiere kënnt der wann der onbedéngt wëllt, mee wann der et maacht da maacht et an der Aarbechtszäit.