Bei verschidde Songs séngt ee mat an dat ouni ze wësse wat eigentlech den Ursprong vum Song ass.

Lauschtert eran

De Radio leeft, et ass een am Auto oder Doheem an et erwëscht een sech dobäi, wéi een all eenzel Strof matséngt. Dacks ass et engem net bewosst, wéi deen Track eigentlech entstanen ass, oder wat d'Ursaach dovunner ass.

Stromae - Papoutai

Esou zum Beispill bei Papaoutai vum Stromae. De Museker setzt sech a seng Kandheet zeréck an där en ouni Papp opgewuess ass. Dësen huet d'Famill nämlech fréi verlooss an ass a seng Heemecht Ruanda zeréckgaangen, wou en dann 1994 dem Völkermord un den Tutsi zum Affer gefall ass.

Hugel - Bella Ciao

Och d'Danzen op Bella Ciao huet aktuell näischt méi mam Ursprong ze dinn. Dee läit nämlech am zweete Weltkrich an zwar zu der Hmnye vun de Widderstandskämpfer an Italien. Am Song geet et ëm ee Partisan deen dem Dout an d'Ae kuckt a senge Léifsten Eddi seet.

Rihanna - S&M

Ma och de Song S&M vum Rihanna gëtt falsch interpretéiert. Et geet nämlech ëm Sado-Maso-Sexpraktiken. Ma d'Musekerin huet awer en engem Interview scho mol matgedeelt, dass den Text dacks vill ze wiertlech geholl gëtt. Et geet nämlech éischter ëm d'Haassléift zu de Medien an dorëms, dass d'Péng heiansdo och befriddegend kënne sinn.