Virun allem den Asaz vu Verpackunge fir Iessen, déi nëmmen eng Kéier benotzt kënne ginn a vun de sougenannten ''To-Go-Becheren'' soll reduzéiert ginn.

Vum 3. Juli u wäert de sougenannten Einweg-Plastik an der EU verbuede sinn. Dorop haten sech d'EU-Parlament an d'Memberstaaten schonn Enn 2018 gëeenegt. Zil vun dësem Verbuet ass et d'Ëmwelt an d'Mierer viru Verschmotzung ze schützen.

Well Plastik an sech net geféierlech ass, kann een Dësen an der EU net generell verbidden. Et kann een awer probéiere Géigestänn aus Plastik esou gutt et geet duerch Alternativen ze ersetzen. Deemno sollen eng Partie Saache vum 3. Juli un verbuede sinn. Dat sinn ënner anerem Plastiksbecheren, Iessgeschier aus Plastik, Verpackunge fir waarmt Iessen aus Styropor a Wattstiefchen aus Plastik.

Virun allem den Asaz vu Verpackunge fir Iessen, déi nëmmen eng Kéier benotzt kënne ginn a vun de sougenannten ''To-Go-Becheren'' soll däitlech reduzéiert ginn.

De Verbuet ass Deel vun der sougenannter europäescher Plastik-Strategie. Mat Dëser soll d'Quantitéit vun de Plastiksoffäll, déi an der EU produzéiert ginn, drastesch reduzéiert ginn. Den Ament falen an der Europäescher Unioun nämlech all Joer 25 Tonne Plastiksoffall un.

Lauschtert hei de Reportage!

Fir dëse Problem ze léisen, sollen net nëmme Verbueter agefouert ginn. Am Kader vun der Plastik-Strategie soll och de Recycling gefërdert ginn. Aktuell ginn nämlech manner ewéi 30 Prozent vun de Konschtstoff-Offäll an der EU recycléiert. Fir dass dat sech ännert soll de Recycling finanziell méi attraktiv ginn. Ënner anerem sollen nei Virschrëften dofir suergen, dass Verpackunge méi liicht recycléiert kënne ginn. Dat soll d’Demande no recycléiertem Konschtstoff erhéijen. Ënner anerem solle vun 2030 un alleguerten d’Plastiksfläschen op d’mannst zu 30 Prozent aus recycléiertem Material bestoen.

Laangfristeg soll dann an der ganzer EU een eenheetleche System fir d’Trennen an d’Sammele vun Offäll entstoen.

Dat grousst Zil ass et d’Quantitéit vun de Plastiksoffäll an der EU däitlech ze reduzéieren. Den Ament mécht de Plastik nämlech ronn dräi Véierel vum Offall an eise Mierer aus.