Wien gären op Open Air Festivals geet, kann dat dëst Joer mat engem Berlintrip verbannen.

Och wann déi meescht bekannte grouss Festivals wéinst engem deels ze luesen Impfprogramm an Däitschland op 2022 verluecht gi sinn, esou gin et um Duerf ronderëm Berlin méi kleng ugepasste Méiglechkeeten Festivalfeeling ze kréien! Brandenburg wéi och Polen ass vu Berlin aus quasi em den Eck!

D'Wencke mat e puer Beispiller!

Zum Beispill d'"Wurzelfestival". Dat fënnt 45 Minutte vum „Berliner Hauptbahnhof“ statt. Et gëtt e puer Weekender zur Auswiel. Um Terrain ginn et 4 Floors, wou Techno, Goa, Psy, Tech- an Deephouse wéi och Disco wäert lafen.

Wann d'100 Dages-Inzidenz vum 16. bis den 18. Juli a vum 23. bis den 25. Juli, 3 Deeg hannerteneen ënner 100 bleift dann wäert d´“Nation of Gondwana“ stattfannen. Dat ass en Techno-Festival um Grünefeld zu Brandenburg. Beim Kaf vun engem Ticket kritt een en PCR-Test-Voucher.

Direkt beim Bergheider See zu Brandenburg gëtt et op 2 Weekender de „Feel Festival“. D'Kapassitéite si begrenzt. Ma och hei kann een a familiärer Atmosphär e Weekend mat elektronescher Musek genéissen.

E bëssi "Food for your Senses" Style kritt een um Indie-Rock a Pop Festival „Jenseits von Millionen“, wat fir de 6. a 7. August am "brandenburgeschen Friedland" geplangt ass.

Wie mam Auto op Berlin wëll fueren, ka virdrun oder dono nach emol kuerz eriwwer a Polen. Do soll vum 29. bis den 31. Juli de „Poland Rock Festival“ stattfannen. Dat ass dat gréissten gratis Museksfestival an Europa.

Natierlech sinn och a Berlin selwer déi eng oder aner Clubs mat Aussenterrainen op. Wichteg ass dass all Festival an all Club eegen Hygiènes-Konzepter huet fir dass Corona sech net weider verbreede kann. Infos zu de verschiddene Reegelen fënnt een op de jeeweilegen Homepagen vun de Festivals an Clubs.

Egal fir wat dir iech entscheet, hoffentlech gëtt et e flotte Summer a bleift gesond! LG vu Berlin!