Den Horoskop vum Eldo seet iech är Woch viraus dat mam passende Sound!

Widder

Bob Sinclar Feat. Molly Hammar - We Could Be Dancing

Op wat waart der nach? Schnaapt iech een Danzpartner a leet lass!

Stéier

Justin Wellington feat Small Jam - Iko Iko

Wann der iech wonnert wou d'Stéiere grad sinn: mat grousser Wahrscheinlechkeet ënnert engem Bam mat engem Cocktail am Grapp.

Zwilling

Olivia Rodrigo - Good 4 u

D'Zwillingen hu mat enger Persoun elo ofgeschloss. Et gëtt Zäit fir eppes Neies.

Kriibs

Lou Bega - Buena Macarena

E bësse shaken deet gutt. Ma vill shaken deet nach besser!

Léiw

Jax Jones & Martin Solveig Pres EUROPA ft Raye - Tequila

Déi Éischt an déi Lescht un der Bar sinn d'Léiwen dëser Deeg.

Jongfra

Jungle - Keep Moving

Eis Jongfrae wibbele souguer am Schlof weider. Kaffi braucht der de Moment keen!

Wo

Natasha Bedingfield - These Words

Och wa se keng vun de grousse Wierder sinn, hunn d'Woen eppes misse lassginn.

Skorpioun

Samwell - Very Soon

Ganz geschwënn wäert déi erhoffte Verännerung fir d'Skorpioune kommen.

Schütze

Stone Sour - Through Glass

Wann der ee sicht deen den Duerchbléck hutt, klappt bei engem Schützen un d'Fenster.

Steebock

One Republic - Run

D'Steebéck hu Loscht emol nees d'Lafschlappen auszepaken.

Waassermann

Linkin Park - Somewhere I belong

Fir eis Waassermäner schéngt elo kloer ze si wou si higehéieren.

Fësch

Wyn Starks - Dancing My Way

Wann d'Fësch iech elo op d'Féiss trëppelen, da just well der an hirem Dance-Way stoungt.