D'Evenementer wäerten am Respekt vun de sanitäre Mesure stattfannen. Bei de Concerte wäert d'Zuel vun den Nolauschterer dowéinst begrenzt sinn.

Am Kader vum Programm "D'Stad lieft" sollen uechter déi ganz Stad verschidden Evenementer stattfannen. Dat sot déi Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer am Kader vun enger Pressekonferenz.

Virop wäert d'Musek e wichtegen Deel vun Dësem Programm sinn. Esou wäert am Mansfeldspark de Projet''Klangbuer'' stattfannen. Wéi de Laurent Schwaller vun der Stad Lëtzebuerg erkläert, sollen hei wärend e puer Méint Concerte gespillt ginn. Wéinst de sanitäre Mesure, wäert d'Zuel vun de Nolauschterer hei allerdéngs op 150 begrenzt sinn an et wäert ee seng Ticketen am Viraus op www.luxembourg-ticket.lu reservéiere mussen. 2 Ausname ginn et hei allerdéngs. Den éischten Owend vum "Klangbuer" fält op den Dag vun der Fête de la Musique. Op dësem Dag an op Nationalfeierdag, wäerten d'Concerte gratis sinn.

Lauschtert hei de Reportage!

Iwwerdeems wäert de Projet "Kiermes am Duerf" och dëst Joer eng Alternativ zu der Schueberfouer bidden. Deemno wäerten op en Neits Spiller an aner Attraktiounen an deene verschiddene Quartiere stoen. D'Spiller wäerten hei gratis sinn. Fir d'Iessen an d'Gedrénks wäert een awer, grad ewéi fir déi traditionell Kiermes-Buden, wéi zum Beispill d'Intefëschen, wäert een awer bezuele mussen.

Nei ass dann dëst Joer d'Attraktioun "Kiermes wéi fréier" Dës wäert vum 30. Juli bis de 15. August op der Kinnekswiss stoen. Hei wäerten eng ganz Rei historesch Spiller ze fanne sinn. Dorënner ënner anerem e Karussell vun 1886 an e Riserad vun 1902.

Leit, déi op der Sich no méi Adrenalin sinn, sollen dann um Glacis op hir Käschte kommen. Hei wäerte vum 21. August bis den 12. September eng ganz Partie gréisser Spiller ze fanne sinn.

Nom Succès vum Leschte Joer wäert dann och nees en Open-Air-Kino um Glacis sinn. Ausserdeem wäert dëst Joer de Projet ''City Sounds – Glacis in Concert'' stattfannen. An dësem sengem Kader wäerten tëscht dem 4. an dem 15. August eng Partie Concerte fir e méi jonke Public organiséiert ginn. Och hei wäert een seng Ticketen am Viraus online reservéiere mussen.

Méi gemittlech zougoe wäert et beim Projet "D'Stad liest". Hei wäert eng Open-Air-Bibliothéik am Haff vun der fréierer Nationalbibliothéik installéiert ginn.

Schliisslech wäert dann och nees eng kënstlech Plage op der Theaterplaz entstoen. Dës wäert vum 8 Juli bis den 12. September all Dag vun 10h00 moies bis 22h00 owes accessibel sinn.