Mat Eternal Tango hat den Dave eng ganz erfollegräich Zäit. Och den Funez ass hei am Land keen Onbekannten. Déi Zwee hunn elo DONTNOD gegrënnt!

Lauschtert hei de ganze Reportage!

Gesellschaftskritesch a mysteriéis – esou presentéieren sech DONTNOD op hirer Debut-Single “Breaking Back”. Mysteriéis, well d’Stëmmung um Song ganz speziell ass. D’Melodie wierkt happy, iergendwéi mierkt een awer ganz séier, dass net alles esou gutt ass ewéi et schéngt.

“D’Lidd huet eng melancholesch Oder an trotzdeem awer deen happy Vibe, dass de Bock hues matzegoen a matzesangen. Dat heescht de Song huet awer eng gewësse Positivitéit, obwuel de Message natierlech ganz kloer an och bësse méi rabiat ass.”

D’Gesellschaftskritik fänkt am Fong scho beim Band-Numm un. “Dontnod” implizéiert, dass een net einfach “Jo” soen an och selwer matdenke soll. Am Text vu “Breaking Back” wëllen déi Zwee d’Leit erëm erwächen an hinne kloer maachen, dass mir net an enger Dram-Welt liewen an där een alles ronderëm een ignoréiere kann. Déi Thematik gëtt och ganz gutt am Videoclip illustréiert.

“D’Iddi hannert dem Clip war déi, dass d’Leit sech hautdesdaags an e Stull sëtzen a vun engem Nobody, deen een net kennt, duerch d’Liewe kutschéiert gi wëllen. Vill Leit loossen sech einfach vun Anere guidéieren, ouni wierklech wëllen nozedenken.”

Den Dave an de Funez genéissen et aktuell an engem Duo zesummenzeschaffen. Si haten an der Lescht nämlech d’Gefill dass si e bësse stagnéiere géifen a wollten einfach mol erëm méi independant schaffen.

“Et sinn ebe just mir Zwee. Da komme mir och virun a mussen net ëmmer op déi Aner waarden. Mir treffen d’Décisiounen ënnert eis a meeschtens gi mir eis direkt eens. An do ginn et keng laang Diskussiounen, mir fannen direkt e Kompromëss.”

An deenen nächste Méint wëllen DONTNOD e Live-Video, eng ganz Partie nei Singlen an esouguer eng EP erausbréngen. Dobäi sinn och Projete mat jonken Nowuess-Muesker geplangt.

RTL

© Tako Studios