Deen neie Video vun de Rocklab Pop-Up Session kënnt den 16. Juni eraus. Dës Kéier mam Museker Bartleby Delicate.

Lauschtert hei de ganze Reportage!

Och fir de Georges Goerens war d’Coronakris natierlech e Réckschlag. Trotzdeem huet hien déi lescht Méint kreativ genotzt an am Kader vu sengem Solo-Projet Bartleby Delicate eng nei EP mam Titel Deadly Sadly Whatever erausbruecht. Elo freet hie sech och a punkto Concerten erëm "Back to Business" ze kommen.

De Covid war een haarde Coup fir eis all, vue dass mer all duerch Live Concerte liewen. Trotzdeem huet  een zu Lëtzebuerg direkt Initiativë  gesi vir déi Lücken ze fëllen.

Bei de Rocklab Pop-Up Sessions konnt de Georges sech endlech erëm op eng Bün stellen a sech just op sech selwer a seng Musek ze konzentréieren.

Am leschten annerhallwe Joer hunn ech scho Concerte gespillt. Wat elo extra war bäi der Session war awer den Encadrement vu gudden a geléierten Techniker vun der Rockhal.

Fir dëse Video am Kader vun de Rocklab Pop-Up Sessions opzehuelen, huet de Bartleby Delicate an engem ganz exklusive Kader an der Abtei Neimënster gespillt. Ënnerstëtzt gouf hien hei vun engem 20-Mann groussem Chouer, déi uewen op engem Balcon stounge fir ze sangen.

D’Abtei Neimënster ass souwisou fir mech eng ganz speziell Platz, well ech do schonn e puer mol gespillt hunn. Hei hunn ech och en Optrëtt mat engem Dänzer gehat den a gudder Erënnerung bliwwen ass.

En Optrëtt mat engem Chouer war schonn ëmmer en Dram vum Georges. Elo konnt hien dësen dann endlech verwierklechen a kéint sech eventuell esouguer virstellen a ganz exzeptionelle Momenter nach eng Kéier esou opzetrieden.

D’Rocklab Pop-Up Session mam Bartleby Delicate kënnt haut den Owend um 20:00 Auer eraus.

De Video ass méi schaarf wéi d’Realitéit. Wei ech mech selwer gesinn hunn, hunn ech geduecht ech wier an engem Computerspill.

Fir d’Zukunft freet de Georges sech awer och rëm viru Public opzetrieden, wat jo am Summer mam Covid-Check erëm méiglech wäert ginn. Och mat ganz neier Musek vum Kënschtler kënne mir an Zukunft rechnen.