Et läit ee gemitterlech op der Kusch, et ass ee scho kuerz virum Aschlofen a bemol kënnt den Honger nees. Ma wisou ass dat a wat kann een dogéint maachen?

Lauschtert eran

Wie ganz spéit owes nach vill oder defteg ësst, dee muss domat rechnen, dass ee Problemer beim Aschlofe kritt. Op der anerer Säit well een awer och net, dass de Mo am Bett grommelt, well déi Situatioun ass och net grad agreabel.

Fir guer net an der Situatioun ze kommen, recommandéiere mer iwwert dee ganzen Dag e bëssen opzepasse wat een ësst. Kuelenhydrater aus Nuddelen, wäissem Räis a Grompere gi séier verdaut, loossen de Bluttzockerspigel an d'Luucht schéissen an dono nees extreem falen, wat als Resultat huet, nees zimmlech séier een Hongergefill ze verspieren.

Donieft sinn d'Schlofproblemer dacks den Ausléiser fir Hongerattacke virum Schlofe goen. Problematesch ass et dann, wann ee sech esou dorunner gewinnt huet, dass ee mengt et misst een eppes iessen iert ee schlofe geet well ee soss nees net ukënnt.

Probéiert also fir unzefänken är Schlofzäiten no fir ze réckelen an d'Moolzecht deem entspriechend unzepassen. Dat bedeit also, dass d'Owesiessen net méi wéi 25% Kuelenhydrater enthalen dierf. Woubäi et och ze recommandéieren ass, ob Produite wéi Dinkel, Quinoa, Lënsen oder Bounen zeréck ze gräifen, esou d'Hannah Brilling, Ernäerungsexpertin beim Dartmouth-Hitchcock Medial Center am Libanon, géigeniwwer vu ''Popsugar''.

Wien trotzdeem dann nach eng Kéier de klengen Honger kritt, ka virum Schlofen nach ee griichesche Jugurt, ee Stéck Kéis oder Nëss zou sech huelen. Anescht ausgedréckt ee Snack mat gesonde fetter a Proteinnen.