De Steve Wampach huet en Zil: Hie wëll de gréisste Bauer fir CBD-Cannabis zu Lëtzebuerg ginn.

De Steve Wampach ass deen éischten offiziell agreéierte Bauer fir CBD-Cannabis zu Lëtzebuerg. Bis dohinner war et awer e wäite Wee. CBD-Bauer kann nämlech net jidderee ginn. Wéi de Steve eis am Interview erkläert huet, muss een dofir d'Aakerbauschoul ofgeschloss hunn. Dat mat engem Diplom als Fierschter, Gäertner, Fleurist oder Bauer.

Mat der richteger Ausbildung eleng ass et awer net gedoen. Fir, dass ee legal CBD ubauen a verkafen dierf, muss ee säi Betrib nämlech bei der Douane umellen. Fir d'éischt muss een dofir eng "Demande de Culture" maachen. An Dëser muss een dann uginn, dass ee CBD-Cannabis ubauen. Ausserdeem muss een uginn, wéi vill Planzen een usetze wëll. Ma och fir den CBD-Cannabis legal ze lageren, brauch et eng speziell Zouloossung. Fir déi e kréie muss een dann eng "Demande de Stock agrée" bei der Douane areechen. De Steve war dann och am Ganze ronn 1 Joer am Gaange bis hien alleguerten déi néideg Zouloossungen zesummen hat.

Eréischt wéi de Steve alleguerten déi néideg Zouloossungen hat, konnt hien ufänke säi Cannabis ze ziichten an ze verkafen. Zemools d’Ziichte bedeit eng ganz Partie Aarbecht. D’Planze mussen ugesat, gefleegt a wuesse gelooss ginn. Wärenddeem muss een dann eng ganz Partie Facteuren am A behalen. Esou mussen ënner anerem d’Temperatur an d’Loftfiichtegkeet stëmmen. Wann d’Planzen da grouss genuch sinn, bréngt de Steve se dozou Bléien ze maachen. Am Prinzip mécht hien dat, andeems hien d'Zäit wärend där d'Planze beliicht ginn, ännert.

Wann een da beim Ziichten alles richteg gemaach huet, kann een sech dann op seng Recolte freeën. De Steve probéiert den Ament fir 1 mol de Mount ze recoltéieren. Bei enger Rekolte géif hien aktuell ronn 1 Kilogramm CBD-Gras eranhuelen. Mat dësen Zuele wëll de Steve sech awer net zefridde ginn. Säin Zil ass et bannent den nächste Joren de gréisste Bauer fir CBD-Cannabis zu Lëtzebuerg ze ginn.

Hei kënnt dir de Reportage lauschteren!