No iwwert engem Joer ass et elo dëse Weekend nees esou wäit: d'Nuetsliewen hei zu Lëtzebuerg mécht seng Dieren nees op! Mee wéi gesäit dat elo aus?

Endlech nees feieren! Endlech nees danzen, an dat net virum Computer mee mat anere Leit direkt ronderëm! Dat ass elo sou lues awer sécher net méi Wonschdenken mee Realitéit. Duerch déi nei Mesure vun der Regierung ass et elo méiglech d'Clubs nees op ze maache, wann och mat Aschränkunge. Maximal 300 Leit dierfen zesummen an engem Raum sinn, an dat dann awer och komplett ouni Masken an ouni Ofstand. Mee maachen d'Diere vun all de Patronen aus dem Nuetsliewen och nees op? A wéi lafen déi Owender vun elo un of? Mer hu mol bei verschiddene Betraffene nogefrot!

Apoteca

Den Apoteca ass éischter ee klenge Club. Fir si ass déi Zuel vun 300 maximale Leit eigentlech guer net esou schlecht. Oder och scho quasi complet wéi de Patron vum Club, de Marc Grandjean selwer seet. Wéi leeft een Owend am Apoteca dann elo of? Ma eng Reservatioun ass scho mol net néideg. Dofir ganz einfach dohi kommen a mat feieren. Déi eenzeg néideg Viraussetzung ass do awer natierlech entweder ee gültege Covid-Check ze hunn oder op der Plaz selwer ee Schnelltest ze maachen. Fir déi zwou Optioune ginn et dann och zwou verschidde Schlaangen.
A wat seet d'Gefill? Wéi de Marc Grandjean selwer seet ass et eng gewëssen Nervositéit déi souwuel beim Staff, wéi och bei him als Patron ze spieren ass. Et ass bal ee Gefill wéi wann ee fir d'alleréischt iwwerhaapt géing opmaachen, obwuel een dëse Métier jo scho laang gemaach huet. Mee virun allem ass eng ganz grouss Freed dobäi endlech nees ze feieren, an de Clienten ee schéinen Owend ze verschafen.

Lauschtert hei deen éischten Deel!

Melusina

Fir d'Ekipp vum Melusina waren déi lescht Méint zwar elo net komplett roueg, wéi villäicht bei aneren am Nuetsliewen. Mat Restauratioun huet een awer probéiert bei de Clienten ze bleiwen. Ma d'Freed endlech nees esou ze schaffe wéi een dat virun der Pandemie gewinnt war, ass dofir awer elo emsou méi enorm, esou den Dan Crovisier vum Melusina.
Bei hinne leeft et awer e bëssen anescht of fir dobäi ze sinn. Si hunn zwee Owender organiséiert: de Freiden ass fir d'17-Järeg an de Samsden dann fir 21+. Hei muss een awer een Ticket hunn, der et leider och scho keng méi gëtt. Dat huet ee gemaach, fir ze verhënneren, dass een eng Usammlung u Leit virun der Dier stoen huet. Wien dann een Ticket huet, kann entweder an der enger Rei de Covid-Check virweisen, oder an der anerer ee Schnelltest maachen. Fir de Melusina wieren 300 Leit ee gudden Ufank esou den Dan Crovisier weider. Esou kéinten d'Leit sech och nees un de Feeling gewinnen, sech esou einfach no ze kommen, ganz ouni Mask.

Lauschtert hei deen zweeten Deel!

Gotham

Beim Gotham hat een och net domat gerechent, dass d'Ouverture esou séier géing kommen. Fir si ass d'Zuel vun 300 Leit awer nach net ganz optimal. Normalerweis passen 900 Persounen an engem Owend eran. Ma och fir "just" een Drëttel z'empfänken, ass d'Freed awer grouss esou de Marcello Ranieri, Gérant vum Club beim Glacis. Ganz vill Clienten géinge sech op mannst esou freeën wéi dee ganze Stuff. Dofir sinn och scho fir dee ganze Weekend déi sougenannte "VIP Dëscher" reservéiert. Vue, dass dës engem garantéieren eran ze kommen net verwonnerlech. Domat huet ee schonn tëscht 100 an 120 Persoune sécher am Club. Wien nach dobäi si wëll, muss da mat Zäiten u sinn. Et geet nom Prinzip "First come, first served".
Egal ob reservéiert oder net, féiert awer och hei kee Wee dolaanscht entweder ee gültege Covid-Check ze hunn oder ee Schnelltest op der Plaz ze maachen. Wann dës Hürde gepackt sinn, dierf ee sech dann nees freeën zesummen ze danzen an ze feieren.